Parlamentaresch FroSpidolsplang: Net regional denken, mä national

Pierre Jans
Kevin Kayser
De Gesondheetsminister huet sech enger parlamentarescher Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Marco Schank iwwert d'Nordspidol misste stellen.

No der Entwécklungsphase soll e System et erméiglechen, d'Offer an de Spideeler besser un d'Besoinen hei am Land unzepassen. Dat geet aus der Äntwert vum Gesondheetsministère op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen an Marco Schank ervir. Déi zwee Politiker aus dem Norden hunn op d'Situatioun vum Nordspidol CHDN opmierksam gemaach, dat aktuell net just Patiente vun Ettelbréck an Wolz géif behandelen, mä och Patienten aus de Kantoner Miersch an Iechternach. Duerch den demographesche Wandel géif d'Zuel vun Akutbetter, also Better, fir ambulant Behandlungen, gerechent op 1.000 Awunner, bis 2022 op eppes ënnert 3 erofgoen.

QP Nordspidol / Reportage Pierre Jans

D'Martine Hansen an de Marco Schank wëllen deemno vun der Regierung wëssen, ob déi där Situatioun, am Sënn vun enger optimaler medezinescher Versuergung am ganzen Land, entgéint wierke wëll. Aus der Äntwert vum Gesondheetsministère geet kloer ervir, dass spezifesch Regioune keng Roll méi spillen. Natierlech soll d'medezinesch Versuergung qualitativ héichwäerteg sinn, mä eben national an net regional. Alles wär Deel vum groussen Spidolsplang, wéi am Gesetz vum 8. Mäerz 2018 festgehalen.

An deem Kader goufen d'Spidolsregiounen ofgeschaaft. Mat der Begrënnung, dass doduerch d'Offer an de Spideeler eng Kéier den héchsten Qualitéits- an Sécherheetsstandarde kéint entspriechen. Iwwerdeems hätt ee festgestallt, dass et quasi onméiglech wär, an all Regioun déi ganz Panoplie un Equipement a Personal ze garantéieren. Personal, dat jo och misst déi néideg Experienz a Kompetenz matbréngen. Méi effikass wär et, esou liest een an der Äntwert vun der Santé, d'Zesummenaarbecht tëscht de Spideeler ze fuerderen a Synergien ze bilden. Spréch Ekippe vun Experte forméieren an d'Medezin hei am Land op deen neiste Stand hiewen. Nom Prinzip ''net alles iwwerall'', wär am Gesetz eng maximal Unzuel u Better am ganze Land virgesinn, eng regional Héchstzuel géif et net ginn. Ma d'Nordspidol ass als Centre Hospitalier klassifizéiert, a fir déi Kategorie ass d'Unzuel un Akut-Better op 700 plafonnéiert. Am Juli hätt den CHDN eng Demande gemaach, fir 321 Better fir déi ambulant Behandlung, a 36 Better, fir méi kuerz Openthalter. Mat den Zuele vum STATEC fir d'Kantoner am Norde kënnt de Ministère esou op 3 an en halleft Bett pro 1.000 Awunner. All d'Demande vun de Lëtzebuerger Spideeler zesummegerechent, kéim een op bal 2.100 Akut-Better, fir ronn 600.000 Awunner, also eng Quot vun 3 an engem hallwe Bett pro 1.000 Residenten. Eng national Quot, déi also identesch mat där aus dem Norden ass, betount d'Santé.

D'Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Europa OECD huet 2017 Statistiken iwwer d'Gesamtzuel u Better an de Spideeler an de verschiddene Länner gemaach. Lëtzebuerg läit do mat enger Quot vun 4,8 Better pro 1.000 Awunner nëmmen knapps iwwert dem OECD-Duerchschnëtt vun 4,7 Better pro 1.000 Residenten.

Back to Top
CIM LOGO