
Wéi mir scho gemellt haten, hat d'Santé virgesinn, datt dat vum 30. August u méiglech wier, se stellt awer elo fest, datt spontan Impfaktioune grousse Succès bei de Leit hunn a bitt dës Méiglechkeet dofir schonn 2 Wochen éischter un.
RTL-News: Impfen an der Victor-Hugo-Hal ouni Rendez-vous scho vum 16. August u méiglechAn dat och zu engem Ament, wou déi éischt Impfzentren am Land hir Dieren zoumaachen. Deemno gëtt an der Luxexpo, zu Munneref an zu Ettelbréck vun elo un net méi geimpft.
Bis elo goufen hei am Land eng 750.000 Dosisse Vaccin gesprëtzt, ronn 375.000 Leit si komplett geimpft.
Am meeschte benotzt gouf de Vaccin vu Pfizer/Biontech, mä et gouf och relativ vill Astra Zeneca an Johnsson&Johnsson verimpft. Moderna, gouf net sou vill benotzt, de Grand-Duché hat däers net sou vill geliwwert kritt.
Am Allgemengen hunn d'Leit déi Impfung geholl, déi se proposéiert kruten, wéi den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit seet.
Och wann d'Impfzentren no an no zouginn, gëtt natierlech viru geimpft, jiddereen, dee sech wëll géint de Coronavirus immuniséieren, kann dat maachen. Entweder bei engem Generalist an der Praxis oder och bei spontanen Aktiounen, wéi zum Beispill den Impf-Bus, deen däitlech méi Succès huet, wéi d'Santé sech erwaart hat.
Ausgebaut goufen jo och déi serologesch Tester, an deenen gekuckt gëtt, wéi vill Antikierper een huet. Där kënnen elo 4.000 d'Woch gemaach ginn. Mä wann een do Antikierper huet an net geimpft ass, geet dat net duer, fir en Zertifikat ze kréien, datt een de Virus hat an erëm gesond ass. Esou datt ee sech also an deem Fall sollt impfe loossen, e Geste, dee jo och ëmmer méi einfach gëtt.