Bilan mam SantésdirekterEng Partie Impfzentere maachen zou

Monica Camposeo
Am Hal Victor Hugo um Lampertsbierg kann ee sech scho vum 16. August un ouni RDV impfe loossen. Aner Impfzenteren maachen dëse Weekend zou.
Eng Partie Impfzentere maachen zou
Am Hal Victor Hugo um Lampertsbierg kann ee sech scho vum 16. August un ouni RDV impfe loossen. Aner Impfzentere maachen dëse Weekend zou.

Aner Impfzenteren, wéi deen um Kierchbierg, zu Munneref an zu Ettelbréck. Zäit fir e Bilan ze zéien, iwwer d’Aarbecht an den Impfzenteren a méiglechen Niewewierkungen.

741.948 Impfdosisse goufen hei am Land gesprëtzt. Refusen hätt et just am Ufank ginn, wéi d’Leit en Impfstoff ugebuede kruten, dee si net wollten. Esou Fäll hätt et an der Lescht awer net méi ginn. Wat d’Niewewierkungen ugeet, schätzt den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé:

"Mir leien do sécher ënnert engem Prozent, wann net souguer wäit drënner, et ass wierklech net heefeg. Erstaunlecherweis, wann een déi 4 Impfstoffer vergläicht, ass et och relativ änlech verdeelt, also et kann een net soen, dass do een Impfstoff erausstécht."

Um Freideg de Moie war et roueg an der Luxexpo, um Samschdeg mécht dësen Impfzenter zou. Direkt no der Impfung goufen hei wéineg Komplikatioune festgestallt. Do hätten heiansdo och Facteure wéi d’Wiederkonditiounen oder d’Angscht virun enger Piqûre eng Roll gespillt:

D'Dr. Silvana Masi, Responsabel Impfzenter Luxexpo:

"Puer Mol am Dag kann et virkommen. Wat mir méi impfen, wat vläicht méi Leit waren, déi sech schlecht gefillt hunn. Mee mir hunn heiansdo am Viraus scho gesinn, dass bei bestëmmte Leit de Stress vill gespillt huet. Mir hu verschidde Leit och direkt an e Poste de Secours geholl, fir dass se sech konnte leeën, nach ier si sech schlecht fillen. Mee do ass dann vill de Stress, deen en Afloss huet.”

No der Impfcampagne gëtt elo an den Altersheemer mat serologeschen Tester gekuckt, wéi héich den Immunitéitstaux ass. Éischt Resultater leie scho vir:

Den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé:

"Den Taux vun den Antikierper läit ganz héich, ech géing soe bei 95 Prozent ongeféier, bei verschiddene Populatiounen e bësse méi déif bei 90 Prozent, mee et ass an deem Ordre de Grandeur. Wat extrem encourageant ass."

Wéi laang d’Antikierper bleiwen, ass awer nach net gewosst.

Wat d’Doudesfäll no enger Impfung ugeet, hat d’Pharma-Covigilance bis Ugangs Juli 7 Fäll rapportéiert, dat no den Impfstoffer vu Biontech/Pfizer an AstraZeneca.

D’Santé betount heizou schrëftlech: "Aktuell kënne mer net op déi Fro äntweren, well mer d’Doudesfäll net mat den Impfunge kräizen. Am Moment gëtt awer dru geschafft, fir dass dës Donnéeë geschwënn verfügbar sinn."

Back to Top
CIM LOGO