
Géint 12.50 Auer e Méindeg huet den Tower vum Fluchhafen der Police gemellt, datt e private Sportfliger wéinst Motorproblemer an engem Feld noutlande muss.
De Pilot konnt seng Maschinn sécher tëscht der Misärsbréck a Bauschelt noutlanden. De Pilot war eleng am Fliger a konnt seng Maschinn sécher landen. Dobäi gouf och kee blesséiert
Op der Plaz am Asaz waren d’Police souwéi d’Pompjeeën.