
Domadder gouf och elo déi éischt grouss Foire hei am Land wéinst dem Coronavirus ofgesot.
Vum 18. bis den 21. Mäerz sollt zu Lëtzebuerg eng Konferenz iwwert de Well-Being sinn. Eng Konferenz, déi de Statec organiséiert hat. Och déi gëtt verluecht. Als alternativen Datum gëtt de Mäerz d’nächst Joer genannt.
Aus Sécherheetsgrënn gëtt d'Projektioun vun « Les Hirondelles de Kaboul », organiséiert vun der Associatioun Stand Speak Rise Up!, op Mëtt September verluecht.

Vun den Organisateure vum Auto Jumble dogéint heescht et, datt si d'Evenement wéi geplangt wäerten organiséieren, huet de Vizepresident Daniel Medinger erkläert.
Och de Frou Frou zu Gréiwemaacher wäert de Weekend wéi geplangt oflafen.