No zwee Joer Corona-Paus war en Donneschdeg de Moien nees eng Neijoerschreceptioun fir d’Press. D’Digitaliséierung verännert de Journalismus ëmmer méi, quasi jidderee kann haut aktiv Informatioune verbreeden. Do den Duerchbléck ze behalen, wär schwiereg, sot de President vum Presserot, de Roger Infalt. Dat ass eng zousätzlech Erausfuerderung fir d’Journalisten. D’Fuerderungen un d’Politik hu sech déi lescht Jore par Konter wéineg geännert.
D’Journaliste sinn op Informatiounen ugewisen. Déi sougenannt “Circulaire Bettel” ass iwwerschafft ginn. D’Press soll besser vu staatlecher Säit Informatioune kréien. Dem Roger Infalt no géif een allerdéngs ëmmer nach op en Informatiounszougangsrecht waarden.
Am Superwaljoer huet de Premier- a Medieminister Xavier Bettel virun der Press e Mea Culpa gemaach. Hie wéisst, datt d’Kommunikatioun net ëmmer optimal wär, huet awer och versprach, datt een vu Verbesserunge schaffe géif. D’Aarbecht vun de Journaliste wär nämlech hautzedaags méi wichteg wéi jee, huet de Roger Infalt ënnerstrach. Op de soziale Medie kéint jidderee säi Pefferkär bäileeën an eng Info zirkuléieren doen.
Obwuel beim Informatiounszougang nach Loft no uewen ass, géif et hei zu Lëtzebuerg eng fräi Press ginn. Eng Press, déi kéint an dierft kritiséieren. Och wann een der als Politiker géif laanscht d’Bake kréien, wär hie frou an engem Land ze liewen, wou dat méiglech ass, sou de Xavier Bettel. Op senge ville Reesen a bei Visitte vun auslännesche Gäscht géif hien erliewen, datt eng fräi Press guer net selbstverständlech wier.