Ëmmer manner DageselterenStaatlech Hëllef beim Chèque-Service kéint eropgoen

Claude Zeimetz
D'Zuel vun den agreéierten Dageselteren ass zanter 2017 réckleefeg. Tëscht 2019 an 2021 hu 84 Dagesmamme respektiv Pappen opgehalen.

Et soll eng méi familiär Alternativ zu der institutionaliséierter Kannerbetreiung a Strukture sinn, mä et gëtt zanter Joren ëmmer manner Dageselteren zu Lëtzebuerg. Dat confirméiert den Educatiounsminister Claude Meisch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. D’Zuel vun den agreéierten Dageselteren ass zanter 2017 réckleefeg, zanter datt d’Ufuerderungen am Kader vum Bildungsrahmenplan eropgaange sinn.

Tëscht 2019 an 2021 hu 84 Dagesmamme respektiv Pappen opgehalen. Op den 31. Dezember zejoert gouf et domadder nach 448 Dageselteren zu Lëtzebuerg. Verschiddener hätten opgehalen, well se an d’Pensioun gaange sinn, anerer hätten eng aner Aarbecht gesicht oder géifen ophalen, well se geplënnert sinn. Dem Ministère no wieren awer och eng Rëtsch Dageselteren duerch déi nei Qualitéitsstandarden am Bildungsrahmenplan “iwwerfuerdert” gewiescht. Dem Claude Meisch no halen zwar net wesentlech méi Leit op als Dageselteren. Et géife sech der awer kaum nach mellen, fir Dagesmamm oder -Papp ze ginn. D’lescht Joer hätte sech grad mol 13 Kandidate gemellt. An der Zäit hätt een 100 nei Kandidature gehat. Virun deem Hannergrond ass d’Politik am Gaangen, iwwer Pisten nozedenken, fir d’Dageselteren ze valoriséieren. Am Raum steet ënnert anerem eng eventuell Erhéijung vun der maximaler staatlecher Hëllef vum Chèque-Service-Accueil. Datt Dageseltere solle kënnen eng Primm kréien, wa se sech lancéiere mat enger sougenannter “Indemnité de démarrage”, an et wéilt ee sech iwwert de Programm vun der Méisproochegkeet bei den Dageseltere concertéieren. Och gëtt et Reflexiounen, fir iwwert en neie Statut nozedenken.

D’gratis Mëttegiessen an de gratis Accueil, dee vun der Rentrée u fir schoulflichteg Kanner agefouert gëtt, applizéiert sech och op Dageselteren.

PDF: Liest d'Äntwert op d'parlamentaresch Fro hei.

Back to Top
CIM LOGO