Rekreative CannabisStaatleche Verkaf gëtt net méi an dëser Legislaturperiod ëmgesat

Fanny Kinsch
Anne Wolff
Et soll e weidere Schrëtt a Richtung Legaliséierung vum rekreative Cannabis sinn, deen awer an dëser Legislaturperiod net méi wäert ëmgesat ginn.
Rekreative Cannabis
Et soll e weidere Schrëtt a Richtung Legaliséierung vum rekreative Cannabis sinn, deen awer an dëser Legislaturperiod net méi wäert ëmgesat ginn.

Gutt 6 Méint virun de Walen huet d’Regierung e Freideg de Mëtteg awer elo Piste proposéiert, wéi ee sech an Zukunft d’Legaliséierung virstelle kéint.

Cannabis / Anne Wolff

Konkret denkt een do u 14 staatlech Verkafspunkten uechtert Land, wou Consommateuren da bis zu 5 Gramm den Dag, respektiv maximal 30 Gramm de Mount fir den eegene Gebrauch kafe kéinten. Déi Planze sollen iwwer zwee staatlech agreéiert Produzenten an d’Points de Vente kommen.

De Verkaf soll nëmme fir Leit vun 18 Joer u méiglech sinn, virdru wéilt ee bei de Jonken op Preventioun setzen, och wa knapps ee Fënneftel vun de 15 bis 18 Järege scho konsuméiert huet.

Den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert, e staarke Jonke géing och emol nee soen, a géif och net esou séier psychesch ofhängeg ginn.

Bis ewell ass dee Projet nach net an engem Gesetzestext festgehalen, e soll elo mol der EU-Kommissioun virgestallt ginn.

Donieft gëtt et jo nach de Gesetzesprojet, deen den Ubau vu bis zu 4 Planze pro Stot erlabe soll. Hei hätt een elo nogebessert, de Projet läit deemno elo rëm beim Staatsrot. Firwat dat alles esou laang gedauert hätt, do géifen et e puer Ursaachen, seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Et géing een am Moment un Texter zu dem medezinesche Cannabis, dem Virage ambulatoire an zu der Agence Medicaments schaffen. Dofir wier et illusoresch, den Text fir de rekreative Cannabis iwwert dem Summer nach “aus dem Aarm ze rëselen”.

Wann deen zousätzlechen Avis vum Staatsrot mat Zäit do ass, kéint awer op mannst dat Gesetz fir d’Uplanzen doheem nach virun de Wale gestëmmt ginn.

PP: D’Presentatioun vum iwwerschaffte Cannabis-Pilotprojet.

PDF: De Cannabis-Pilotprojet vum Gesondheets-, Educatiouns- a Justizministère.

Back to Top
CIM LOGO