Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um City Breakfast betount. De Bauteministère an d’Stad Lëtzebuerg haten e Concours ausgeschriwwen, fir d’Place de la Constitution nei ze gestalten, ma mam Projet, deen zréckbehale gouf, ass d’Stad Lëtzebuerg net zu 100 Prozent d’Accord.
“Mir fannen et keng gutt Léisung an hunn dem Minister dat och gesot an hu festgehalen, eis nach emol ze gesinn, fir ze kucken, wéi et nei gestalt ka ginn. D’Grondiddi, datt kee Parking méi soll do sinn an d’Plaz sou gestalt soll ginn, datt ee sech do begéine kann, fanne mer gutt, mee datt do lauter Beem solle fortkommen, fanne mer net gutt.”
Och de Minister François Bausch ass der Meenung, datt keng Beem sollen ewechgemaach ginn.
De Projet soll souwisou eréischt realiséiert ginn, wann d’Vergréisserung vum Parking Knuedler komplett ofgeschloss ass. Et wier also nach Zäit, de Projet ze iwwerschaffen, huet d’Lydie Polfer nach betount.
Bis en definitive Projet op der Place de la Gare ëmgesat gëtt, kéinten iwwerdeems scho provisoresch Saachen amenagéiert ginn, fir datt d’Leit sech do kënnen ophalen. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um City Breakfast betount. De Schäfferot géif awer bedaueren, datt de Bauteminister François Bausch net op de Wee vun enger Biergerbedeelegung wéilt goen.
Virun der Allerhellegevakanz hätt een de Minister zesumme mat de CFL gesinn, fir iwwert d’Plaz ze schwätzen. Schonn zanter Joren hätt d’Stad Lëtzebuerg gefuerdert, datt d’Bierger aus dem Quartier sech bei der Konzeptioun vun der Place de la Gare kéinte bedeelegen sou wéi bei der Paräisserplaz. De Stater CSV Schäffe Serge Wilmes:
“Sot eis an enger éischter Ronn, wat der gutt fannt a wat net. Mir hunn dat net jugéiert mee opgeholl an niddergeschriwwen. Dunn ass en éischte Plang ausgeschafft ginn, provisoresch. An da si mer domat zréckgaange bei d’Leit, an dann ass en méi definitive Projet festgehale ginn, deen da vum Schäfferot nach emol aviséiert gëtt an am Gemengerot gestëmmt gëtt an dann ëmgesat gëtt. Dat ass de Prinzip.

Et hätt een sech schlussendlech awer just op eng Biegerinformatioun kënnen eenegen. De Minister géif donieft op verschidde Funktiounen insistéieren, wéi den ënnerierdesche Vëlosparking.
“D’Madamm Polfer an ech hu scho betount, datt mer net per se dogéint sinn, mee de Prinzip datt et ënnerierdesch op déi Plaz soll kommen, doriwwer si mir ni wierklech gefrot ginn.”
En éischt globaalt Konzept fir d’Place de la Gare soll am Fréijoer virgestallt ginn. Eréischt 2025 oder 2026 wäert d’Plaz definitiv reamenagéiert ginn.
RTL News: Pläng fir nei Place de la Constitution: De Parking bei der gëllener Fra verschwënnt