De Parking bei der gëllener Fra verschwënnt

© RTL
Eent vun de wichtegsten historesche Stater Monumenter steet an der Mëtt vun engem Parking, dat soll sech awer änneren.
D'Plaz vun der Gëlle Fra gehéiert nei amenagéiert, dat ass kloer. Nëmmen iwwert de geneeë Plang ware sech d'Stater Gemeng an de Staat bis ewell nach net eens, obwuel e konkrete Projet um Dësch läit.
Deemno soll de Parking komplett verschwannen an d'Plaz ëm d'Gëlle Fra soll mat Kiosken, Bänken an enger neier Bam-Allee zu enger reegelrechter Plaz ginn, wou sech d'Leit kënne begéinen. Eng Plaz, wou och d'Entrée fir an d'Kasematte sinn a vun där aus de Lift an den Dall fuere soll.
Den initiale Plang vum Architektebüro Christian Bauer hat effektiv virgesinn, datt eng ganz Partie Beem géifen ewechkommen, wéi een hei op dësem Plang gesäit.

Dem grénge Minister no géif awer elo alles gemaach ginn, datt kee Bam muss gehae ginn.
D'Vue vun der fréierer Festungsbastioun an den Péitruss-Dall an op déi aner Säit vum Plateau Bourbon gëtt fräigehalen.
Wéi et vum zoustännege Minister fir d'Travaux publics François Bausch als Äntwert op eng parlamentaresch Fro vu sengem grénge Parteikolleeg François Benoy heescht, soll déi nei Place de la Constitution en ausgeglachene Raum tëscht dem Impressionnantem an dem Diskrete ginn.
D'Erënnerungsmonument un d'Krichsaffer vum gebiertege Käerjenger Artist Claus Cito, dat am Volleksmond "Gëlle Fra" gedeeft gouf, feiert d'nächst Joer säi Centenaire. 1940 war et vun de Nazi-Truppe brutal zerstéiert ginn, d'gëlle Statue war verschwonnen, fir eréischt 1985 nees op de Sockel gesat ze ginn.

© Ministère des Travaux publics