„Et sinn déifgräifend Moossnamen, ma d'Zil ass et, de Virus an de Grëff ze kréien!“: Mat deene Wierder huet d'Lydie Polfer e Freideg am Nomëtten déi weider Mesurë beschriwwen, déi d'Stater Gemeng nom Unhuelen, e Méindeg, vun hirem Pandemie-Plang ergraff huet.
Natierlech géife sech déi vun der Regierung annoncéiert Moossnamen och op d'Stad applizéieren, huet d'Buergermeeschtesch ënnerstrach, ma et hätt een och eegestänneg agéiert.
Manifestatioune vun iwwer 100 Leit am Zouenen a vun iwwer 500 Leit dobaussen ze annuléiere, bedeit fir d'Haaptstad zum Beispill, dass dëst Joer keng Eemaischen an der Stad ass. Nieft sou Evenementer a Manifestatiounen, déi ausfalen, gëtt et bis op Weideres och keng fräi Nuecht méi iwwer eng Auer eraus a maache Kulturinstitutiounen a Sportinfrastrukturen hir Dieren zou.
De Coronavirus hätt e groussen Impakt op de Fonctionnement vun der Gemengeverwaltung, huet d'Buergermeeschtesch betount, a fir nach méi e groussen ze verhënneren, géifen zum Beispill an de Bussen d'Chauffeuren ofgetrennt gi vun de Clienten, fir dass keng Chauffeuren ausfalen. Wichteg Servicer wéi zum Beispill den État civil, d'Hygiène, d'Energie an den Téléalarm géifen och weider fonctionéieren, an et wär ee vun der Organisatioun hier gutt opgestallt, sot d'Lydie Polfer.
D'Coronavirus-Ausbreedung kéint och Inzidenzen op Chantieren an der Stad hunn. Nach ass bis elo awer net gewosst, ob dat wäert antrieden, do muss een d'Situatioun ofwaarden, sou d'Stater Buergermeeschtesch.
Déi nach emol en Appell un d'Leit lancéiert huet, fir datt ee sech un d'Informatioune vun der Santé soll halen. Dozou zielt ënnert anerem sech keng Hand ginn, sech net Këssen respektiv sech grëndlech d'Hänn wäschen.
Iwwert dee Wee kéint een d'Gefor vum Virus limitéieren, huet d'Buergermeeschtesch gemengt, déi nach erkläert huet, dass all dës Decisioune „bis op Weideres“ gëllen.
All Informatioune fënnt een um Internetsite pandemie.vdl.lu.