SchëttermarjalStad Lëtzebuerg wëll géint Urteel vum Verwaltungsgeriicht an Appell goen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Stad Lëtzebuerg an hirem Conseil decidéiert. Aner Sujete waren d'provisoresch Foussgängerzon "de Gruef" an den Zoustand vun de Velohen.
© Archivbild

De Conseil vun der Stad Lëtzebuerg huet decidéiert, géint d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht am Dossier Kennedy Sud a Schëttermarjal an Appell ze goen.

Conseil Stad Lëtzebuerg / Reportage vum Dany Rasqué

Déi Lénk an d'ADR ware géint dëse Schratt, d'LSAP net, allerdéngs huet hire Conseiller Tom Krieps betount, datt hie just wéineg Chancë géif gesinn, d'Affär an zweeter Instanz ëmzedréinen, schliisslech géif et hei ëm e Prozedurfeeler goen an dee wier och net duerch schéi schwätzen ewech ze kréien.
Fir d'DP-CSV Majoritéit stoung d'Decisioun awer scho fest.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer: D'Administration de l'environnement, mat eis zesummen a mam Interieur, déi dat alles guttgeheescht hunn, hu wierklech alles gemeet no beschten Wësse a Gewëssen fir et richteg ze maachen. Hei ass gesot ginn an engem éischten Urteel, dat hätt misse anescht gemeet ginn. Dofir gi mer an Appell an da gi mer et gewuer. Dat wat dann dobäi eraus kënnt, dat ass dann déi Grondlag op där ee muss schaffen.

Um Ordre du Jour stoung e Méindeg och d'Rue du Fossé, also "de Gruef". D'Strooss tëschent der Ënneschtgaass an dem Eecherbierg ass zënter Enn Juli Foussgängerzone... provisoresch. Ier eng definitiv Decisioun geholl gëtt, wëll d'Majoritéit awer mat den Awunner a Geschäftsleit schwätzen. Déi Reunioun ass e Mëttwoch an dofir gouf de Punkt op den nächste Gemengerot verluecht.

Dem François Benoy vun déi Gréng war et awer wichteg e waarmen Appell un d'Majoritéit ze maachen, fir datt aus dem Gruef och iwwer Enn Oktober eraus eng Foussgängerzone gëtt.

François Benoy:De Gruef ass eben an eisen Aen eng absolut zentral Verbindung fir d'douce Mobilitéit an der Stad, well e wierklech den Norden a de Süde gutt matenee verbënnt. Grad elo wou de Viaduc opgaangen ass, ass déi Verbindung ëm sou méi wichteg, fir d'Leit déi aus dem Süden vun der Stad -Bouneweg, Gare, Gaasperech asw- kommen an déi an den Norde wëllen, bei de Lift Pafendall oder weider bis op de Lampertsbierg. Si kënnen dann direkt a séier dohinner fueren, ouni dass en se mussen en Ëmwee duerch de Park maachen.

Apropos douce Mobilitéit, d'Christa Brömmel vun déi Gréng huet de Veloh ugeschwat. Si huet bedauert, datt déi Vëloen nawell nach laang net ëmmer an engem gudden Zoustand sinn a wollt wësse wéi d'Maintenance organiséiert ass. Ëm déi muss sech JC Decaux këmmeren. D'Gemeng huet mat der franséischer Entreprise e Kontrakt a bezilt all Joer 1,5 Milliounen Euro an dat am Ganzen iwwer 10 Joer. Den zoustännegen DP-Schäffe Patrick Goldschmidt sot, et hätt ee scho bei der Firma nogefrot.

Patrick Goldschmidt: Am Resumé kann ech soen, dass se eis versprach hu bis Enn August alles ze behiewen. Ech hunn och am Service nogefrot, ob mer vum September u manner Reklamatioune kritt hunn an effektiv hu mer bis elo nach ganz wéineg, quasi keng Reklamatioun am September kritt, dat heescht awer net, datt et keng Problemer gi sinn.

Dofir wéilt d'Gemeng sech och an deenen nächste Woche mat JC Decaux zesummesetzen an drop halen, dat d'Klauselen aus dem Kontrakt agehale ginn.

PDF Schreiwes Déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO