An Héicht vun 194 MilliounenStand Dezember goufe 415 staatlech garantéiert Covid-Prêten accordéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet de Staatstresor hiren éischte Rapport publizéiert zanter déi staatlech garantéiert Covid-Prêten en place gesat goufen.

De Staat an eng Rei Banken haten dëse Kreditsystem am Fréijoer 2020 op d’Bee gestallt, fir den Entreprisen ënnert d’Äerm ze gräifen. Bis ewell huet déi staatlech Garantie awer nach net misse spillen, heescht et an engem Communiqué vum Finanzministère. Déi gréisst Demande gouf et am Fréijoer 2020 a se koum aus de Beräicher Commerce an Horeca. D’Firmen hu 6 Joer Zäit fir zeréck ze bezuelen.Nieft de staatlech garantéierte Prêten hunn d’Banken am Krisekontext nach weider 500 normal Prêten an Héicht vun 300 Milliounen accordéiert.

PDF: De PDF mat den Detailer

Back to Top
CIM LOGO