D’Gewaltbereetschaft bei de Jonken an d’Organisatioun vu Banden hëlt ewéi et schéngt och zu Lëtzebuerg zou. An enger extraordinärer Sëtzung gouf e Méindeg an der Stad beroden.
Et ass eng Nervositéit an der Loft, wann een duerch Bouneweg trëppelt. Knapp eng Woch ass et elo hier, datt den 18 Joer jonke Rafael vun 2 Mannerjärege mat engem Messer attackéiert gouf a seng Blessuren net iwwerliewe sollt. D’Täter ware 15 a 17 Joer al, op d’mannst ee vun hinne war der Police judiciaire scho bekannt.
Et war am Ganzen eng mouvementéiert Woch. E Virfall um Kierchbierg mat Mannerjäregen, déi e Buschauffer bedréit haten. An dann zu Bouneweg nees eng Messerattack vun nees engem Mannerjäregen en Donneschdeg am Garer Quartier.
Et si vill Froen déi opstinn, iwwert d’Hannergrënn, ma och wéi et esou wäit konnt kommen, seet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Et stellt een eng grouss Bereetschaft vu Gewalttätegkeet fest an ech mengen de Moment ass do, fir dat unzeschwätzen. Mat hinnen, dat och fir de Jugendlechen ze weisen, mir héieren op Iech a komm mir kucken dat zesummen ze beschwätzen. Iergendwéi muss de Krees vu Gewalt gebrach ginn.
An enger extraordinärer Sëtzung tëscht der Stater Gemeng, dem Policeminister an der Police judicaire gouf e Méindeg beroden. Et ass e Problem op dee scho laang higewise gëtt, esou d’Buergermeeschtesch.
Esou dramatesch ewéi et elo hei ausgaangen ass, ass et bis ewell nach net. Mä dat hänkt un engem dënne Fuedem a verschiddene Fäll hätt d’Situatioun mat e bësse Päsch och kënne kippen.
All d’Instanze missten zesummeschaffe: Police, Justiz, Sozialaarbechter, an och d’Schoul. Déi aktuell Situatioun misst diskutéiert ginn, och mat de Jonken, well och an de Primärschoule schonn déi éischt Gewaltakten optauchen.
Dat hu mir och schonn héieren. Et kann ee net fréi genuch ufänken, fir dat ze thematiséieren. Mat hinnen natierlech. Net géint si, mat hinnen.
Well d’Emotioun am Quartier ass weider grouss.
An do ass dann och d’Angscht hannendrun. D’Angscht an d’Roserei. Et muss ee fäerten, datt no Revanche geruff gëtt. Dat hëlleft jo elo wierklech net weider. Ech sinn och vun Eltere kontaktéiert ginn, déi mer soten, datt et nëmme gutt war, dat hiert Kand um Basketballterrain war, soss wier deen och vläicht dobäi gewiescht. Do ass Angscht ze spieren an och do gëtt no Solutioune gefrot.
De Message vun der Gemeng ass kloer, Gewalt op dësem Niveau, egal ewéi d’Situatioun ass, wier net ze akzeptabel.