Demonstratiounen dëse WeekendStater Geschäftsverband frou iwwert de Manifestatiouns-Zoning

RTL Lëtzebuerg
De Stater Geschäftsverband hat d'Stad Lëtzebuerg gefrot, de Weekend keng Manifestatioune wärend den Ëffnungszäite vun de Geschäfter ze autoriséieren.
© RTL

Fir de Weekend goufen dräi verschidde Manifestatiounen ugekënnegt an autoriséiert, wou ënnert anerem géint déi aktuell Covid-Mesurë protestéiert wäert ginn.

De leschte Weekend war besonnesch eng Manifestatioun um Samschdeg aus dem Rudder gelaf. Dat hat eng Partie Leit, déi deen Ament an der Stad an um Chrëschtmaart ënnerwee waren, erféiert.

En Donneschdeg de Moien huet den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, matgedeelt, dass d’Manifestatioune fir de kommende Weekend just an enger bestëmmten Zon erlaabt sinn. Sou dierf dëse Weekend just tëscht dem Glacis an der Place de l’Europe manifestéiert ginn. Domadder wëll ee vermeiden, dass d’Manifestanten duerch de Stadkär ginn.

De Stater Geschäftsverband begréisst dës Entscheedung. D’Manifestatioun vum leschte Samschdeg hätt d’Geschäfter zwar net direkt beaflosst. De leschte Sonndeg wier et awer e bësse méi roueg an der Stad gewiescht, wéi déi Sonndeger virdrun. Do kéint awer och dat schlecht Wieder Grond gewiescht sinn, sou d’Mireille Rahmé-Bley, Presidentin vum Stater Geschäftsverband.

Schonn Uganks der Woch hat de Stater Geschäftsverband d’Stad Lëtzebuerg an engem Bréif gebieden, keng Manifestatiounen ze autoriséieren, déi wärend de Geschäftszäiten oflafe sollen.

E Problem hätt ee mat de Manifestatiounen u sech net, soulaang se friddlech bleiwen. Sou wier d’Marche Blanche déi lescht Méint ëmmer roueg verlaf an eng Partie Manifestante wieren dono och op d’Terrassen een drénke gaangen.

En Vue vun de Manifestatiounen, déi dëse Weekend oflafe sollen, géifen d’Geschäfter keng speziell Precautiounen huelen. De Geschäftsverband hofft just, dass d’Manifestante sech dann un d’Virgaben halen an an der virgeschriwwener Zon bleiwen, sou d’Mireille Rahmé-Bley vum Stater Geschäftsverband.

Back to Top
CIM LOGO