Maniffe just tëscht dem Glacis an der Place de l‘Europe erlaabt, net am Zentrum
© Sam Bouchon
D‘Ausschreidunge vum leschte Weekend dierfe sech dës Woch net méi widderhuelen an dofir gouf virgesuergt, esou de Policeminister Henri Kox.
An deem Kader gouf fir dëse Weekend e „Zoning“, also e Sécherheetsperimeter, festgeluecht. Tëscht dem Glacis an der Place de l‘Europe ass d‘Meenungs- an Demonstratiounsfräiheet gewäert. Sou sollen de Verkéier oder drëtt Persounen net a Gefor kommen oder gestéiert ginn. Dräi verschidde Maniffe si fir d‘Enn vun der Woch geplangt.
D‘Police kritt och méi Rechter. Iwwert Policegesetz vun 2018 gëtt den zoustännege Minister den Accord dëse Weekend punktuell Identitéitskontrollen duerchzeféieren. Et besteet eng grave Gefor, esou den Henri Kox.




Et muss een den Equiliber fannen, fir d‘Meenungsfräiheet ze garantéieren an d'Leit ze schützen, esou den Henri Kox. D‘Recht ze manifestéieren, bleift bestoen – mee ouni engem Drëtten ze schueden, preziséiert de Minister. Perséinlech Attacke wieren net akzeptabel. Et dierft ee keng onschëlleg Leit an Angscht versetzen, besonnesch esou kuerz virun de Chrëschtdeeg.
Et wier eng nei Situatioun fir Lëtzebuerg mat enger Envergure, déi schwéier anzeschätzen war.
Et wier un der Zäit fir exzeptionell Mesuren, esou och d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Et wier schued, datt et esou wäit huet misse kommen. „Mir haten dat doen nach net. Mir haten awer schonn eng Rei Maniffen iwwert dat lescht annerhalleft Joer. Wann een eng Manifestatioun wëll maachen, da muss een dat ufroen. Dat ass bis ewell och ëmmer esou geschitt. Souwuel mat der Marche Blanche ewéi och mat der Polonaise Solidaire. Dat ass bis ewell och uerdentlech verlaf. Dat war de leschte Samschden net de Fall. Esou Zoustänn kënne mer net nach eng Kéier zouloossen.“
Vu Säite vun der Police bedauert een d‘Reaktioune vun de leschten Deeg op hir Interventioun de Weekend. Et hätt een d'Gefill, et kéint ee just alles falsch maachen, esou den Directeur Génerale Adjoint bei der Police Donat Donven. „Wa mer ewéi um Chrëschtmaart eng 50 bis 100 Leit hunn, déi sech géint eppes wëllen opposéieren a mir schécken och nach esou vill Polizisten do eran, déi dat wëllen ënnerbannen, da kënnt der Iech virstellen, wéi dat ausgesäit. Ob et dat awer elo wäert ass op enger Platz, wou Privatpersoune sinn, déi guer näischt mat der Affär ze dinn hunn, mam Risiko, datt et zu enger Ausernanersetzung an enger Panik kennt. Dann heescht et duerno, d‘Police huet iwwerdriwwe reagéiert.“
Déi nei Mesure sollen dofir Suergen, datt drëtt Persounen an de Verkéier net solle gestéiert ginn a fir de Risk vun Ausschreidungen ze limitéieren.
Policegewerkschaft kritiséiert: Policeminister hat seng Hausaufgaben net gemaach
D'Policegewerkschaft begréisst d'Mesuren, déi fir déi nächst Manifestatioune geholl goufen. "Leschte Samschdeg wieren hir Ekippen net gutt opgestallt gewiescht, de Police Minister hätt seng Hausaufgaben net gemaach." Fir dëse Weekend wier een awer gutt equipéiert a preparéiert.