Romain WolffSteiererhéijunge sollen net d'Léisung fir de wirtschaftlechen Opschwong sinn

RTL Lëtzebuerg
Den 3. Juli koum et zu enger gemeinsamer Reunioun tëscht der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat.

Am Mëttelpunkt vun dëser Tripartite stoung een Thema: De Chômage zu Lëtzebuerg. Am Hierscht dierften op der Dagesuerdnung vun der nächster Reunioun weider essentiell Theme wéi d'Steierreform oder d'Sozialversécherung stoen. Da wäert sech weisen, ob a wéi dëst Kriseninstrument vun alle bedeelegte Säiten ëmgesat gouf.

An engem Schreiwes geet de President vun der CGFP op déi jéngsten Entwécklungen zu Lëtzebuerg an. Kritiséiert huet de Romain Wolff déi vill "iwwerdriwwe" Pressekonferenzen an d'Regierung, där et dës Ëfteren un Transparenz géing feelen. An awer wier et wichteg, Reegelen anzehalen, déi d'Regierung engem virgëtt. De gesonde Mënscheverstand ass gefrot, fir dass d'Prognose vun den Experten net Realitéit ginn. Ma och e konsequent a fir jidderee verständlecht Agéiere vu politescher Säit aus ass essentiell, fir d'Kris ze bewältegen: "Hier wäre gerade jetzt der gesunde Menschenverstand gefragt, konsequentes und für jeden allseits verständliches Handeln von den politischen Entscheidungsträgern sollte das Maß aller Dinge sein." Eng Kris, déi bleiwe wäert, well aus der sanitärer Kris wäert eng wirtschaftlech Kris ginn. Wéi grouss den Ausmooss op wirtschaftlecher Basis wäert sinn, ass nach net gewosst.

Eppes dierft dem Romain Wolff no awer net geschéien: No der sanitärer Kris an der Wirtschaftskris dierf et op kee Fall zu enger sozialer Kris kommen. De Chômage, deen a leschter Zäit zouhëlt, bereet Suergen. CDDe ginn ëmmer méi zur Reegel, wat et jonke Leit schwéier mécht, sech eng Existenz opzebauen. Et kommen ëmmer méi Faillitten dobäi an d'Liewensgrondlage ginn deels a Fro gestallt. Grad hei sinn d'Sozialpartner gefuerdert, fir zesumme mat der Regierung no Léisungen ze sichen, ënnersträicht de CGFP-President: "Neben den angestiegenen Infektionszahlen bereitet insbesondere die wachsende Arbeitslosigkeit jetzt schon Sorgen. Arbeitsverträge auf bestimmte Zeit werden immer häufiger zur Regel – was es besonders jungen Berufsein-steigern schwer macht, sich eine Existenz aufzubauen – Konkurse werden immer häufiger, Lebensgrundlagen in beachtlichem Maße infrage gestellt. Rosige Zeiten sehen anders aus.Gerade hier sind alle Sozialpartner gefordert, gemeinsam mit der Regierung, Lösungsansätze zu suchen, um die Folgen einer solchen Lage bestmöglich abzufedern."

Wéi wichteg e staarke Staat ass, huet sech an dëser Krisesituatioun gewisen. En ëffentlechen Déngscht, dee gutt funktionéiert, huet dozou bäigedroen, dass een de Lockdown zu Lëtzebuerg esou gutt wéi méiglech iwwerstanen huet. An deem Kontext stellt sech awer d'Fro, wien dat alles bezuele soll? Steiererhéijunge sollen net d'Léisung sinn, fir dass et nees zu engem wirtschaftlechen Opschwong komme kann, sou de Romain Wolff: "Ohne die Anstrengungen im Privatsektor schmälern zu wollen, hat sich gezeigt, dass ein gut funktionierender öffentlicher Dienst, Staat und Gemeinden inbegriffen, wesentlich dazu beigetragen hat, die Zeit des „Lockdown“ so gut wie nur möglich zu bewältigen.Die öffentliche Hand hilft, wo sie nur kann. Wenn auch nicht augenblicklich, so wird sich dennoch in absehbarer Zeit die Frage stellen, wer dies alles finanzieren soll. Damit es überhaupt zu einem wirtschaftlichen Wiederaufschwung kommen kann, dürfen auf keinen Fall Steuererhöhungen für natürliche Personen ins Auge gefasst werden." Hie behaapt, dass, änlech wéi bei der Bankekris am Joer 2008, den "normale" Steierzueler Gefor leeft, och dës Kéier nees finanziell opkommen ze mussen: "Die darauffolgenden Jahre zeigten eindeutig, dass die Bürger sehr wohl zur Kasse gebeten wurden. Realistischerweise ist auch diesmal davon auszugehen, dass im Endeffekt der 'normale' Steuerzahler Gefahr läuft, die Zeche zu zahlen. Das Ganze in sehr hohem Maße."

Grad a puncto Steiere misst eppes geschéien. A sengem Schreiwes geet de President vun der CGFP op d'„Fonds d'investissement spécialisés" (FIS) an. Dës gehéieren zu de lukrativen Aktivitéiten, déi quasi steierfräi sinn. Dës Fonge si vun allen traditionelle Steierzorte befreit, ofgesi vun der „taxe d’abonnement“. Grad a Krisenzäite géingen esou steierlech Instrumenter d'Ongläichheete vergréisseren. Och wann d'Gewerkschaften d'Steierreform net ausschaffen, ass et un der Regierung, politesche Courage ze weisen a fir méi Steiergerechtegkeet ze Suergen, fir dass den "normale" Steierzueler net nach eng Kéier bludde muss: "Hier besteht auch weiterhin ein enormer Handlungsbedarf. Diese FIS lassen jegliche Beschränkungen hinsichtlich der Aktiva, in die investiert werden darf, vermissen (...) Gerade jetzt ist der Moment für mehr Steuergerechtigkeit gekommen.Damit nicht erneut der 'normale' Steuerzahler die ganze Zeche zahlen muss!"

Back to Top
CIM LOGO