BCLStéit schätze wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg nees méi positiv an

RTL Lëtzebuerg
D'Konsumenten hei am Land haten am Mäerz nees méi Vertraue wéi am Februar, esou d'Zentralbank. Dat géing hiren Indicateur weisen.
© AFP

D'Stéit géingen déi allgemeng wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg elo vill méi positiv aschätzen, och wa se hir perséinlech finanziell Zukunft e bësse manner gutt géinge gesinn. D'Leit géingen hir aktuell perséinlech finanziell Situatioun e Stéckche manner gutt gesinn. D'Intentiounen, gréisser Saachen anzekafen, wier awer an d'Luucht gaangen.

De Vertrauen-Indicateur, deen aus deene 4 Komponenten ausgerechent gëtt, läit elo bei -7,2 Punkte méi héich wéi am Februar an d'selwecht wéi am Januar. Am Mäerz zejoert louch dee selwechte bei -9, am Abrëll 2020 louch en um Déifpunkt vu -24.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO