Nodeems d'Beamten informéiert goufen, dass op d'mannst ee Bedeelegte soll mat engem Messer verwonnt gi sinn, sinn direkt e puer Patrullen an den Asaz gefuer.
Op der Plaz goufen 2 blesséiert Persoune virfonnt, vun deenen eng Schnëttwonnen hat. Dës Persoun gouf medezinesch versuergt a koum fir e weidert Traitement an d'Spidol.
De Parquet gouf informéiert an d'Police judiciare mat den Ermëttlunge beoptraagt.