
Wéi d’Police e Sonndeg de Moie schreift, hätt wuel e Samschdeg de Mëtteg géint 14 Auer e Chauffeur engem aneren Auto zu Konsdref d’Virfaart geholl. Doropshin ass deen dunn dem aneren Auto hannendru gefuer bis op Grolënster. Do ass dunn ee Chauffeur op deen anere lassgaangen.
Anscheinend wieren zu deem Zäitpunkt och aner Persounen op der Plaz gewiescht an hätten d’Zeen souguer gefilmt. Dës onbekannt Aenzeie solle sech elo bei der Police vun Iechternach (24 47 21 00 0) oder dem 113 mellen, fir ze hëllefen, den Incident ze klären.
All d’Aussoe géingen natierlech vertraulech behandelt ginn, präziséiert d’Police.
Alkoholiséierte Chauffer op der Autobunn ënnerwee
Géint 21.30 Auer e Samschdeg den Owend krut d’Police vun Zeien een Auto gemellt, deen am Zickzack op der A4 vun Esch a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee war.
D’Policebeamte konnten den Automobilist stoppen. De Mann hannert dem Steierrad stoung ënnert staarkem Alkoholafloss. De Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.