WolzSträit eskaléiert - Mann gouf duerch Messerugrëff schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Affer huet missen an d'Spidol transportéiert ginn. De presuméierten Täter gouf festgeholl.
© RTL-Grafik

Der Police gouf e Samschdeg den Owend zu Wolz no 21 Auer eng Persoun gemellt, déi mat engem Messer ugegraff gouf. Éischten Erkenntnisser no koum et zu engem Sträit tëscht zwee Leit. Doropshin huet ee vun de Männer deen anere mat engem Messer uerg blesséiert. Hien huet missen an d’Spidol, et besteet keng Liewensgefor.

De presuméierten Täter konnt nach op der Plaz gestallt an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Hien hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. D’Spueresécherung vun der Police gouf ageschalt.

Back to Top
CIM LOGO