
Déi Fro huet d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert en Dënschdeg wärend enger Froestonn un d’Regierung der CSV-Justizministesch Elisabeth Margue gestallt. Wärend den Inneminister Léon Gloden sech drop behaapte géif, datt deem esou wier, géinge Geriichtsurteeler aus der Vergaangenheet beleeën, datt dee Punkt 2008 aus dem Code pénale gestrach gouf.
D’Elisabeth Margue huet an hirer Äntwert d’Fro opgeworf, ob eng Mesure am Code pénal stoe muss, äert se de Wee an ee Gemengereglement fanne kann. Si huet awer och erkläert, dass d’Heescheverbuet reng legistesch net ofgeschaaft gi wier.
“Do war kloer am Commentaire des articles virgesinn, datt et guer net drëm geet, de Punkt 6 en tant que tel ofzeschafen. Dunn ass natierlech dee Mëssel komm, datt riets war vum Alinéa 2 vum Punkt 6. Et gëtt awer keen Alinéa 2 an deem Artikel 563. Fir mech ass kloer, datt eppes wat et net gëtt, kann een net ofschafen. Reng legistesch gesinn, ass en an deem Sënn net ofgeschaaft. Et ass awer wéi Der richteg sot, datt d’Justizautoritéiten en net applizéieren.”
Si géing awer, genee wéi hir Virgängerin als Justizministesch, d’Sam Tanson, kee Besoin gesinn, fir op deem Punkt ze legiferéieren. Dat wollt déi Gréng Deputéiert net esou stoe loossen, ma de Chamberpresident Claude Wiseler huet si awer net reagéiere gelooss.
Sam Tanson: “Mäin Numm ass gefall an ech géif gären eppes rektifizéieren, wat gesot ginn ass.”Claude Wiseler: “Nee, et huet och näischt mat Ärem ... an et ass och net, et deet mer leed Madamm Lenert. Et ass net virgesinn ...”Sam Tanson: “Dat doten ass awer net an der Rei, et ass net dat, wat am Reglement steet.”Claude Wiseler: “Et ass net virgesinn, fir an enger Question time, fir Zousazfroen ze stellen.”Sam Tanson: “Et ass keng Fro.”Claude Wiseler: “Dat kënnt Der bei der Question élargie maachen, dat kënnt Der net bei der Question time maachen.”
Wéi de Piraten-Deputéierte Sven Clement méi spéit op eng Äntwert vum Léon Gloden reagéieren duerft, huet d’Sam Tanson dem Claude Wiseler reprochéiert, mat zweeërlee Mooss ze moossen.
Wéineg iwwerraschend hunn iwwert d’Parteigrenzen ewech eng Partie Oppositiounsdeputéiert Prezisiounen zum Heescheverbuet an der Stad verlaangt. Sou wollten de Marc Goergen vun de Piraten an de Marc Baum vun deene Lénke wëssen, wéi vill Polizisten e Méindeg, wéi d’Reglement a Kraaft getrueden ass, um Terrain am Asaz waren, fir et duerchzesetzen. Dozou war et vum Inneminister Léon Gloden dës Äntwert:
“Et ware sechs uniforméiert Agenten um Terrain an zwee Agente vun der Police judiciare an zivil um Terrain. An ech wäert hei net a Séance public strateegesch operationell Informatioune ginn.”
Den Effectif géing an deenen nächsten Deeg a Wochen no an no an d’Luucht gesat ginn. D’Police hätt dobäi kloer Consigne kritt.
“Datt se mat deene Leit soll schwätzen, fir och ze verstoen, firwat se do sëtzen. Et ass och ganz kloer gesot ginn, datt Mendicité agressive an harcelante soll bekämpft ginn an och do, wou et néideg ass, d’Salubritéit soll hiergestallt ginn.”
Ma et goung awer och ëm ganz aner Sujeten. Sou huet dee Gréngen Deputéierte François Bausch dorop verwisen, datt et duerch déi méiglech Fusioun tëscht Boisson Heintz a Munhowen um Lëtzebuerger Gedrénksmarché zu enger Monopolpositioun vun deem neie Betrib komme kéint. Dat géing weisen, datt de Grand-Duché een neit Konkurrenzrecht bräicht. Aktuell kéinten esou Zesummeschlëss nëmme retroaktiv ënnersicht ginn, dat misst awer schonn am viraus méiglech sinn. Deem huet de Wirtschaftsminister Lex Delles zougestëmmt an op d’Probleemer vun der aktueller Praxis verwisen:
“Wann ee Contrôle dono gemaach gëtt an et géingen Irregularitéiten dono opfalen, bréngt dat ganz grouss Problemer mat sech. Well dat setzt viraus, datt déi ganz Transaktioun, déi virdru gelaf ass, annuléiert gëtt, wat ganz grouss Käschte mat sech bréngt, sou wéi dat och schonn an anere Länner an Europa war.”
Wat hie vun der méiglecher Fusioun u sech hält, wollt de Lex Delles iwwerdeems net verroden. Hien hätt net genuch Informatiounen.