Mann zu Téiteng festgehollSträit tëscht Awunnerin, hirem Partner an dem Locataire

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet en Dënschdeg den Owend missen agräifen, nodeems eng Fra zu Téiteng, hire Partner an de Locataire vun der Wunneng sech an d'Hoer kruten.
© RTL Archivbild

D'Police huet op der Plaz d'Donnéeë vun de Concernéierte kontrolléiert. Dobäi huet sech erausgestallt, dass ee vun de Männer am Kader vu sengem Openthaltsrecht national gesicht gouf.

Hie gouf festgeholl. De Mann koum op Schraasseg an huet sech donieft misse virum Untersuchungsriichter veräntwerten.

Back to Top
CIM LOGO