Cour d'appel Strof no Abréch a Butteker an Bensinsstatiounen erofgesat

RTL Lëtzebuerg
An éischter Instanz krut de Mann nach 4 Joer Prisong, dës Strof gouf awer elo hallwéiert.

Op der Cour d'appel an der Stad gouf e Mëttwoch am Nomëtten d'Strof géint e Mann, dee wéinst Abréch a Butteker an an Tankstellen de Prozess gemaach kritt hat, vu 4 op 2 Joer Prisong, en halleft dovu mat Sursis, erofgesat. Dobäi kënnt eng Geldstrof vun 2.000 Euro. Am Ganze war 3 Männer virgehäit ginn, tëscht Dezember 2016 an August 2017 aacht Mol am Norden, Osten a Weste vum Land a Butteker an an Bensinsstatiounen agebrach ze hunn. Déi zwee aner Männer waren an 1. Instanz fräigesprach ginn. Bei deenen Abréch waren Zigarette geklaut ginn, fir e Gesamtwäert vun ëmmerhi ronn 180.000 Euro.

Back to Top
CIM LOGO