Serie Abréch tëscht 2014 an 2017Strofe fir 5 vu 7 Brigange manner héich ausgefall

RTL Lëtzebuerg
Fir 5 Männer, déi an 1. Instanz wéinst enger Serie Abréch tëscht 2014 an 2017 verurteelt gi waren, ass d'Strof op der Cour d'appel manner héich ausgefall.
© AFP

7 Brigange viru Geriicht / Reportage Eric Ewald

D'Cour d'appel huet en Dënschdeg am Nomëtteg fir 4 vun den am Ganze 7 Männer eng Prisongsstrof tëscht engem hallwen a fënnef Joer gesprach. Donieft gouf et nach ee Fräisproch. Um Stater Geriicht waren déi 7 am Virfeld zu feste Prisongsstrofen tëscht engem a sechs Joer verurteelt ginn.

Hinne waren net manner wéi 88 Abréch queesch duerch d'Land virgehäit ginn, dobäi waren Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser viséiert. D'Police hat ënnert dem Stréch e finanzielle Schued vu bal 170.000 € festgehalen.

RTL NEWS: 5 vu 7 Ugeklote goungen an Appell

Back to Top
CIM LOGO