No 15 Joer ass elo Schluss. Zënter 2004 haten d'Gemengen Zäit, hiren allgemenge Bebauungsplang, also de PAG, un dat neit Gesetz unzepassen. Fënnefmol gouf den Delai fir d'Prozedur ze lancéieren no hanne verréckelt, bis schlussendlech den 1. November 2019. Déi Frist wëll d'Inneministesch elo net méi verlängeren, och wann ëmmer nach net all d'Gemenge konform sinn.
Vun den iwwer 100 Gemengen am Land hunn der haut 9 ee PAG, deen op Basis vum Gesetz vun 2004 konform ass. Bal en Drëttel huet no der Gesetzes-Modifikatioun vun 2011 den allgemenge Bebauungsplang ugepasst.
Bei ronn 35 Gemengen ass d’Prozedur fir de PAG z’adaptéieren am Gaang, iwwerdeems 28 Gemengen den neie PAG nach net offiziell lancéiert hunn.
Fir déi gëllen dofir vun elo un indirekt Strofen. Déi Gemengen, déi nach net konform sinn, dierfe keng nei PAPen areechen an och de PAG net méi modifizéieren, bis den éischte Vott am Gemengerot geholl gouf. Am Inneministère rechent een domat, datt bis um Enn vum éischten Trimester 2020 awer nach weider 20 Gemenge konform sinn.
RTL huet bei de Gemenge Schëfflenga Kopleschtnogefrot, wéi si sech ugestallt hunn, fir den neie PAG z'adaptéieren. Firwat déi eng sou fréi u war an déi aner nach méi laang Zäit brauch.