Geiselaffär vum Dezember 2012Strofe vun tëscht 12 a 24 Joer fir 4 Ugekloten

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Vertriederin vum Parquet e Mëttwochowend um Stater Geriicht am Prozess ëm eng Geiselaffär aus dem Dezember 2012 verlaangt.

Am Prozess ëm eng Geiselaffär aus dem Dezember 2012, déi sech iwwer 3 Deeg erstreckt hat, soll ënnert anerem de Virworf vun der krimineller Vereenegung géint déi 4 Beschëllegt zréckbehale ginn: D'Vertriederin vum Parquet huet dat e Mëttwoch den Owend um Stater Geriicht gefuerdert an dowéinst Prisongsstrofe vun zweemol 12, eemol 20 an eemol 24 Joer gefuerdert.

Um Donneschdeg op den Dag genee viru 7 Joer war fir d'éischt de Patron vun enger Fiduciaire bei sech doheem iwwerfall ginn. Déi zwee Haaptleit haten doropshi Bijoutieren an d'Firma bestelle gelooss. Hinnen hate si virun allem. wäertvoll Auere geklaut. Zu gudder Lescht goung et mat enger Geisel am Auto bis op Paräis.

"Et ass eng Geschicht vun Habsucht, ma d'Verbrieche mécht sech net bezuelt!": Mat deene Wierder huet d'Vertriederin vum Parquet e Mëttwoch hire Requisitoire ugefaangen. Fir direkt dono festzehalen, dass déi 4 Ugekloten eng Organisation criminelle duergestallt hätten. Domat war fréi kloer, dass d'gefrote Strofmooss net gedam ausfale géif.

Iwwert d'Association de malfaiteurs eraus misst eben d'kriminell Vereenegung zréckbehale ginn: Déi géif méi eng kloer Struktur viraussetzen, déi et hei ginn hätt. De Coup zu Lëtzebuerg wär geplangt a preparéiert an dee Mann, dee sech als Organisateur bezeechent hat, ouni Zweiwel de Chef gewiescht. Jee no Missioun hätt hie sech seng Komplizen erausgesicht. All d'Circonstances aggravantes, déi ugefouert goufen, wären zréckzebehalen. Dat heescht souwuel déi géintiwwer dem Haaptaffer, dat méi wéi 27 Stonne sequestréiert gouf, wéi och déi géintiwwer de Geiselen an der Fiduciaire.

D'Affer hätten am Verlaf vum Prozess ausgesot, dass si sengerzäit hiert Liewen ewechgeholl oder geklaut kruten, huet d'Vertriederin vum Parquet ervirgestrach. Fort koumen deemools ënnert anerem 140.000 €, déi d'Haaptaffer den zwee Haaptleit hat misse ginn, 18 Aueren am Géigewäert vu bal 900.000 € an ee Bijou vu ronn 115.000 €. De Gesamtwäert vun deem, wat geklaut gouf, hätt ronn annerhallef Millioun € ausgemaach. Dowéinst sollte Prisongsstrofe vun tëscht 12 a 24 Joer gesprach ginn, woubäi déi héchste Strof fir de Chef vun der krimineller Vereenegung wär, e Recidivist an der Matière.

D'Urteel ass fir den 8. Januar.

Back to Top
CIM LOGO