Sträit mat der Uni LëtzebuergStudent krut an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht

RTL Lëtzebuerg
A sengem juristesche Sträit mat der Uni Lëtzebuerg krut e Student um Verwaltungsgeriicht an 1. Instanz Recht.

Den Tribunal administratif huet säi Recours nämlech als fondéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vun der Uni vun November 2017 annuléiert. Si hat dem Mann refuséiert, fir mat sengem Doktorat virunzefueren. D'Decisioun war domat begrënnt ginn, dass de schwedesche Student, deen an der Tierkei gebuer ass, am September virzejoert net op en Termäin vum Comité d'évaluation de thèse komm an den Email-Kontakt mat sengem Directeur de thèse dacks rau an onpassend gewiescht wär.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

De Student war am Februar zejoert dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass an engem Artikel vun engem groussherzogleche Reglement vu Juni 1979 steet, jiddereen hätt d'Recht, fir säi ganzen administrativen Dossier kommunizéiert ze kréien.

De Mann hätt a Bréiwer vun Dezember 2017 a Januar 2018 d'Kommunikatioun vun deem Dossier administratif gefrot, deen un der Basis steet vun där ëmstriddener Decisioun. Am Februar zejoert hat de Recteur vun der Uni dem Mann Evaluatiounsrapporte vu Juni 2016 an Oktober 2017 geschéckt. Am Dossier, deen den Tribunal administratif am Mee zejoert krut, wär just d'Decisioun vun November 2017 dra gewiescht, déi zwee Evaluatiounsrapporten, de Courrier vum Recteur an en anert Dokument. Nieft den zwee Grënn, déi zur ëmstriddener Decisioun gefouert hunn, hätt de Student nach e Manktem un Engagement reprochéiert kritt.

D'Virwërf géifen op enger vermeintlecher Korrespondenz vum Mann mat der Uni baséieren. Dës Korrespondenz misst dem Mann no am Dossier administratif sinn, e Punkt, op deem d'Riichter him Recht ginn. Well d'Elementer, déi där ëmstriddener Decisioun zu Grond leien, net am Dossier wären, kéinten d'Reprochë géint de Mann net bewäert ginn. Et wär keng Spur dovun ze fannen, wat de vermeintleche Refus ugeet, fir op e Rendez-vous ze kommen, de rauen an onpassenden Toun am Ëmgank mam Directeur de thèse an de Manktem un Engagement.

Vu dass d'Uni den Dossier net ganz kommunizéiert hätt, wär et dem Geriicht net méiglech, fir d'Gravitéit vun de Faiten ze kontrolléieren, déi zur ëmstriddener Decisioun gefouert hunn. Dofir wär déi ze annuléieren. Donieft hätten de Mann an d'Uni keng Indemnité de procédure zegutt a misst d'Uni fir d'Fraisen opkommen.

Back to Top
CIM LOGO