Uni.luStudente vu Lëtzebuerg dierfen op der ISS mat "Mini-Gehierer" experimentéieren

Pitt Wagner
Fënnef Studente vun der Uni.lu ziichte kleng Organoiden. Déi dierfen elo an de Weltraum op d’ISS fléien, fir an der Mikrogravitatioun ze wuessen.
Studente vu Lëtzebuerg dierfen op der ISS experimentéieren
Ee Grupp vu Studente vun der Uni.lu ziichte kleng Gehierer, esou genannten Organoiden. Déi dierfen elo an de Weltraum op d’ISS fléien.

An 90 Minutte ronderëm d’Äerd an dat op enger Héicht vu 408 km. Dat ass d’Bunn vun der Internationaler Raumstatioun, der ISS. Fënnef Studente vum Luxembourg Center of System Biomedicin (LCSB) um Belval hunn elo een Ticket fir op d’ISS gewonnen. Net si perséinlech, mee een Experiment vun hinne flitt vu Florida aus mat enger Rakéit bis an de Weltraum. An do loossen déi Fënnef eppes wuessen. Organoiden, kleng Mini-Gehierer, déi sech praktesch bei 0 G an der Mikrogravitatioun entfalen an hëllefen, d’Fuerschung un der Parkinson-Krankheet weider ze dreiwen.

D’Organoide gi mat Hëllef vu Stammzelle geziicht, allerdéngs wuesse se duerch d’Äerdunzéiung ganz kompakt a sinn net méi grouss wéi 2 Millimeter. An wann déi esou kompakt sinn, ass et méi schwéier, se richteg ze analyséieren. Op der ISS ass Gravitatioun allerdéngs esou niddreg, dass aus deem klenge Koup vun Zellen eppes méi Grousses gëtt.

D’Organoide kënne sech bei praktesch 0 G besser entfalen an d’Fuerscher hoffen, dass se doduerch méi grouss ginn. E bësschen ass et ze vergläiche mat engem Fötus, deen duerch dat ronderëm hien och liicht schwieft. Déi méi grouss an net esou kompakt Organoide kënnen da besser ënnersicht ginn.

Ënnersichen heescht hei, dass verschidden Typpe vun Zelle gefierft ginn. Esou kann een da mat engem spezielle Mikroskop analyséieren, wéi de ganze System funktionéiert an zesumme schafft.

Zum Beispill gëtt blo Faarf benotzt, fir den Zellkär ze fierwen. Et hänkt dann dovunner of, wat ee kucken an afierwe wëll. Gréng kann een zum Beispill fir d’Neuronen huelen.

Den Ticket fir d‘ISS hunn déi fënnef Studenten an engem Concours gewonnen, dee sech Überflieger2 nennt - eng Zesummenaarbecht tëschent der Luxembourg Space Agency an der Däitscher Luft und Raumfahrtargentur. Dräi däitsch Projete sinn dorënner ausgewielt ginn, an eben ee Lëtzebuergeschen.

D‘Këscht, déi ass vum Concours virginn. Se ass 10 op 10 op 20 Zentimeter. Dat ass d’Plaz, déi zu Verfügung steet, fir d’Experiment op der ISS duerchzeféieren. An déi eidel Këscht muss eng Struktur dra kommen, wou déi verschidde Geräter an d’Elektronik installéiert ginn.

An déi kleng Këscht muss vill dran, ee Mini-Computer, eng Pompel, déi d’Organoide mat Flëssegkeet versuergt, eng Batterie, déi de Stroum liwwert, bis dass d’Këscht an der ISS installéiert ass, a Sensoren, déi d’Temperatur iwwerwaachen. Dobäi ass et wichteg, dass d‘Organoiden op Kierpertemperatur - also 37 Grad Celsius - gehale ginn, wärenddeem déi ganz Technik allerdéngs bei Zëmmertemperatur bleift, an dat op enkstem Raum.

No 30 Deeg kommen d’Experimenter dann erëm zeréck op d’Äerd. Dee Moment ginn d’Organoide fixéiert, fir dass se spéider am Labo ënnersicht kënne ginn.

De Start Richtung ISS steet nach net fest, entweder Enn vun dësem oder ugangs vum nächste Joer vu Cape Canaveral Florida aus. Esou reesen da Mini-Gehierer aus Lëtzebuerg an 90 Minutte ronderëm d’Welt, an dat, fir enger bis elo onheelbarer Krankheet Parkinson op d’Spuer ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO