F1: Grousse Präis vu Barcelona-KatalounienLewis Hamilton feiert éischt Victoire am Ferrari

RTL Lëtzebuerg
Den George Russell am Mercedes an de Lando Norris am McLaren sinn zu Barcelona op d'Plazen 2 an 3 gefuer.

No 2024 stoung de Lewis Hamilton e Sonndeg nees ganz uewen um Podium an der Formel 1. De Britt huet de Grousse Präis vu Barcelona-Katalounien gewonnen an domadder seng 106. Victoire an der Formel 1 a seng éischt mat Ferrari gefeiert. De Rekordweltmeeschter huet sech virum Polesetter George Russell behaapt. De Lando Norris am McLaren huet de Podium komplettéiert.

Domadder stinn dräi Piloten aus Groussbritannien zu Barcelona um Podium. Dat gouf et zanter 1968 net méi. Fir Ferrari ass et iwwerdeems déi éischt Victoire zanter 2024.

Fir de WM-Leader Kimi Antonelli gouf et zu Barcelona keng Punkten. Véier Ronne viru Schluss huet säin Auto de Geescht opginn. U senger WM-Féierung ännert dësen Out näischt.

De Lewis Hamilton, deen hannert dem George Russell vu Plaz 2 gestart war, hat an der 42. vun de 66 Ronnen d'Féierung an der Course iwwerholl. Hien hat vun engem virtuelle Safetycar profitéiert, fir laanscht d'Konkurrenz ze zéien. Un der Spëtzt ass de 7-fache Weltmeeschter wéi entfesselt gefuer a konnt sech séier eng Avance vun e puer Sekonnen op déi zwee Mercedes-Piloten George Russell a Kimi Antonelli erausfueren. 10 Ronne viru Schluss hat den Hamilton eng Avance vun eelef Sekonnen op de Mercedes-Duo. Bis zum Schluss konnt de Ferrari-Pilot den Tempo halen an ass souverän zur Victoire gefuer. An de leschte Ronnen ass et ëm déi weider Podiumsplazen nach emol spannend ginn. 5 Ronne viru Schluss hat den Antonelli de Russell iwwerholl. Déi zwee Mercedes hate sech dobäi beréiert. An der Ronn drop ass de WM-Leader du ëmmer méi lues ginn an huet wéinst Motorprobleemer missen opginn. Doduerch ass et um Enn déi 2. Plaz fir de Russell an den Norris huet vum Out vum Antonelli profitéiert, fir als Drëtten nach de Sprong op de Podium ze packen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 MSC CRUISES GRAN PREMIO DE BARCELONA-CATALUNYA 2026

Back to Top
CIM LOGO