Virop, Lëtzebuerg huet elo scho seng Ziler fir 2020 a Punkto Solarenergie erfëllt. Dat féiert den Energieminister Claude Turmes dorobber zeréck, dass lescht Joer d‘Konditiounen, fir Subventiounen ze kréien, verbessert goufen. Dofir ginn dës Konditiounen elo och nach eng Kéier méi attraktiv. Grad fir mëttelgrouss Projeten. Dat sinn zum Beispill Baueren, déi eng Solaranlag um Daach vun hirer Scheier wëllen installéieren. An déi kënne vun elo un och Subventioune kréien. Bis ewell hu si dës Investitioun missen am Kader vun enger Cooperative maachen, fir eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat ze kréien.
Donieft huet den Energieministère zesumme, mat MyEnergy e Solar-Kadaster, ausgeschafft, mat deem ee fir all Haus kann erausfannen, ob sech dat eegent fir eng Solaranlag drop z‘installéieren. Dat iwwert de Siteenergie.geoportail.lu.