Mois du Don vun der Croix RougeSue ginn ënner anerem u Jonker mat psychosoziale Problemer

RTL Lëtzebuerg
Nach dee ganzen Abrëll gi Benevoller vum Roude Kräiz vun Dier zu Dier a sensibiliséieren d'Leit fir Suen ze spenden.

Nach de ganzen Abrëll iwwer ass de Mois du Don vun der Croix Rouge. Bei der Aktioun, déi et schonn zënter 1945 gëtt, si ronn 2.000 Benevollen uechter d’Land ënnerwee fir d’Populatioun ze sensibiliséiere fir Suen ze spenden. Zejoert huet d’Croix Rouge ganzer 702.000 Euro gesammelt. An engems koumen och 2,8 Milliounen Euro fir d’Ukrain zesummen. D’Zil fir dëst Joer läit bei 850.000 Euro. Trotz Präisdeierecht an Energiekris weist d’Rout Kräiz sech zouversiichtlech. Grad an Zäite vu Kris wieren d’Leit gewëllt en Don ze maachen.

D'Croix Rouge huet hire Mois du Don lancéiert
Tëscht 700 an 800 Dausend Euro kommen all Joer zesummen. Suen déi och bluttnéideg sinn. D’Rout Kräiz benotzt dëst Geld fir Projeten hei am Land ze finanzéieren.

Déi gesammelt Suen investéiert d’Organisatioun souwuel an national ewéi och international Projeten. Um internationale Plang ginn dann zum Beispill Hëllefsgidder un d’Affer vum Äerdbiewen a Syrien an an der Tierkei geschéckt.

Zu Lëtzebuerg ginn d’Suen ënner anerem un de Service Logement, ganz allgemeng geet hei et drëms fir vulnerabel Leit eng Wunneng ze fannen.

Mois du Don vun der Croix Rouge: Sue ginn ënner anerem u Jonker mat Problemer

Dat mécht och de Service Perspectives, just datt ee sech hei konkret op Jonker tëscht 16 a 27, déi psychosozial Problemer hunn, fokusséiert. D’ Sabrina Barthel, Chargée de direction vum Service Perspectives:

“Dat maache mer an enger éischter Linn iwwer de Logement, dat heescht dat geet iwwer betreit Wunnen an da kréie se an engems och een Encadrement. Si komme ganz dacks aus schonn aus Betreiungen, et sinn dacks sougenannte care leaver, déi mat 18 Joer aus dem Foyer kommen. Et sinn awer och Jonker déi aus diverse Grënn net doheem kënne wunnen. Dacks aus schwéiere Bezéiungen, an deenen se Gewalt erlieft hunn a Bezéiungen och ofgebrach hunn.”

De Service erméiglecht et jonke Leit och Fräizäitaktivitéite kënnen nozegoen, fir déi soss keng Suen do wieren. D’Ënnerstëtzung kënnt awer och iwwer aner Weeër:

“Anerersäits finanzéiere mir an eisem Service ebe mat Donen och trousses de survie also wann ee wierklech näischt méi z’iessen huet oder bei eis ukënnt vun der Strooss, dass mer kënne sou ee Basiskit zesummestelle vu wat ee braucht, wat ee soss vun doheem kritt, wat mir domat finanzéiere kréien. Mir ënnerstëtze vill elengerzéiend Mammen, déi bei eis am Service wunnen, hei kënne mir dann d’Ausstattung vun de Kanner iwwer Done finanzéieren.”

Vum Service Perspectives ginn den Ament iwwer 120 Jonk Erwuessener tëscht 16 a 27 Joer op 17 Sitten uechter d’Land betreit.

Back to Top
CIM LOGO