
Simplificatioun an "e Konto fir jiddereen", sinn d'Stéchwierder, déi d'Responsabel an deem Zesummenhang gären notzen. Déi eng Zerwisser gi méi gënschteg, anerer awer méi deier.
3 Milliarden Euro un Depote gi vu PostFinance geréiert. Virun 10 Joer war et just 1 Milliard. De Montant geet also an d'Luucht. An dat, obwuel d'Staatsbeamten zanter dem leschte Joer net méi obligéiert sinn, hire Konto do ze hunn.
Déi allgemeng Situatioun vun den Zënsen op de Finanzmäert huet awer dozou gefouert, dass d'Post reagéiere muss, seet de Generaldirekter vun der Post, de Claude Strasser. Vill vun de Banke froe schonns en Negativ- oder Strofzëns. D'Post huet esou ee bis elo awer nach ni remuneréiert a kritt en dowéinst ze spieren. Eng Situatioun, déi esou net méi hinzehuele wier.
Mat enger neier Offer gëtt reagéiert. "Et wäerte Käschten, och fir d'Geréiere vun de Konten ufalen. Dës variéieren tëscht 2 a 7 Euro pro Mount", ënnersträicht de Claude Strasser. Clientë mat iwwer 250.000 Euro op hirem Compte Courant musse vun nächstem Joer un en Negativzëns bezuelen. E puer Honnert Leit sinn dovunner betraff.
Ma et sollen och positiv Nouvellë ginn. D'Käschte fir Geld vun engem Automat opzehiewen, falen ewech, an dat weltwäit. Och Viremente via Internet si gratis, betount de Gabriel de La Bourdonnaye, Direkter vu PostFinance. Déi verschidden Zorte vu Pabeiersviremente wäerten an Zukunft all 3 Euro kaschten. En Extrait vum Konto 1 Euro. D'Tarifftabell vun den eenzelen Zerwisser gouf staark simplifiéiert. Vill divers Montante goufen op 2 Tariffer reduzéiert. Fir Professioneller gëllen awer aner Präisser an Offeren.
Vum 10. Januar un wäerten dann all Post-Clienten automatesch ënner déi nei Tarifikatioun falen. De Claude Strasser ass iwwerzeegt, dass d'Post besonnesch wéinst der Sécherheet vum Depot och an Zukunft eng beléifte Bank wäert bleiwen.