Bilan AgriMeteoSummer vun extreeme Wiederschwankunge gepräägt

RTL Lëtzebuerg
D'Wieder war dëse Summer gepräägt vun extreeme Schwankungen: en ze waarmen an dréchene Juni, en ze naasse Juli an e frëschen a verreenten August.
© RTL Archiv / Eischen Alex Dosser

Esou resuméiert de Landwirtschaftsministère e Freideg d’Analys vun AgriMeteo, den nationale Meteoservice vun der Asta, der Administratioun vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft.

Ënnert dem Stréch ass ze notéieren, datt de Summer nees méi waarm war ewéi normal. Den Iwwerschoss u Reen wier och um Territoire anescht verdeelt: zu Réimech hätt et zum Beispill manner gereent, ewéi an der Reegel. Op de meeschten anere Plaze gouf et méi Reen.

Link: D’Schreiwes vum Landwirtschaftsministère zum Bilan vun AgriMeteo.

Back to Top
CIM LOGO