Acceleratioun fir digital an ekologesch TransitiounSuper-Deductioun: Entreprisë sollen Investissementer steierlech ofsetze kënnen

RTL Lëtzebuerg
Dat ass eng Propos vun der Chambre de Commerce an der Union des Entreprises, fir méi séier bei der digitaler an ekologescher Transitioun virunzekommen.
© Eric Ebstein

Chambre de Commerce iwwer Digitalisatioun / Dany Rasqué

Et gëtt net genuch an d’Digitalisatioun investéiert, obschonn et eng vun de grousse Prioritéiten am Regierungsprogramm ass. Där Meenung ass op alle Fall d’Chambre de commerce a seet, manner wéi ee Prozent vun den Depensen am Staatsbudget géife mat der Digitalisatioun zesummenhänken, just d’Hallschent géif an nei Initiative fléissen.

Fir an der digitaler an ekologescher Transitioun méi séier virunzekommen, bräicht Lëtzebuerg e staarke Ruck an do huet sech d’Chambre de Commerce, zesumme mat der Unioun vun den Entreprise, Gedanke gemaach an eng konkret Moossnam ausgeschafft.

© Eric Ebstein

Eng nei steierlech Moossnam, a Form vun enger “Super-Deductioun”, explizéiert de Luc Frieden de President vun der Chambre de Commerce.

Déi digital an ekologesch Transitioun géif fir d’Betriber héich Investissementer bedeiten a mat dëser Moossnam, kéinte se steierlech méi ofschreiwen, wéi dat elo de Fall ass: “Deen extrae Prozentsaz, deen ee kann ofsetzen, diminuéiert also de Käschtepunkt fir de Betrib an am Fong profitéiert dat ganzt Land dovunner, well wann déi Betriber modern sinn, da bleiwe se konkurrenzfäeg, da si se dono also méi profitabel a si bezuelen dann dee Steierausfall, deen de Staat vläicht kuerzfristeg huet, dee kritt en dono zeréck, well d’Betriber iwwerliewen, wa se modern an nohalteg sinn.”

Duerch d’Digitalisatioun kéint och am ëffentleche Secteur gespuert ginn, virop Main d’oeuvre an dat géif de Betriber ze gutt kommen, well da géife méi Leit iwwereg bleiwen, déi si kéinten astellen.

© Eric Ebstein

Am ëffentleche Secteur hunn 2020 knapp 100.000 Leit geschafft, seet de Marc Niederkorn, deen an der Chambre de Commerce zoustänneg fir en Aarbechtsgrupp ass, dee sech mat der Digitalisatioun ausernee setzt. 2030 géife Berechnungen no schonn 130.000 Leit gebraucht ginn, wa géif weider geschafft ginn, wéi bis elo.

Dat géif bedeiten, datt all Joers 4.500 Salariéeë mussen agestallt ginn an datt de Staat domadder dee gréissten Deel vun der Main d’oeuvre selwer géif brauchen: “Dat dréchent den Talentpool hei zu Lëtzebuerg aus. Dat heescht, dat mer einfach viru mussen ëmmer méi wäit an ëmmer méi wäit an d’Groussregioun an doriwwer eraus rekrutéiere goen. Et bedeit awer och, datt d’Masse salariale am ëffentleche Secteur vun haut ongeféier 8 Milliarden op ongeféier 14 Milliarde géif wuessen.”

Wann een d’Potential vun der Automatisatioun vun den Aktivitéite géif notzen, kann een an den Ae vun der Chambre de commerce.

37 Prozent an der Administration publique spueren, 26 Prozent an der Educatioun a 36 Prozent am soziale Beräich.

D’Zuel vun de Salariéeën am ëffentleche Secteur kéint duerch d’Digitalisatioun stabiliséiert ginn a bis 2030 kéinten 11 Milliarden Euro gespuert ginn, déi ee fir aner Zwecker géint gebrauchen, esou d’Chambre de commerce.

Back to Top
CIM LOGO