Ee BlesséiertenSupermarché zu Käerjeng no Dampentwécklung nees op

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.45 Auer um Mëttwoch de Moie fréi gouf et een Incident. D’Pompjeeë vu Käerjeng goufe vun hire Kolleege vun Péiteng an Diddeleng ënnerstëtzt.
© RTL Archiv

Wéi de Cactus um Mëttwoch de Moien an engem Schreiwes matgedeelt huet, gouf et an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch am Geschäft zu Käerjeng een Incident um Niveau vun den technesche Killanlagen an dofir hat d'Geschäft e Mëttwoch de Moien net wéi gewinnt seng Dieren opgemaach. Am Laf vum Dag konnt de Problem mat de Killanlage geléist ginn, sou datt een zanter 14 Auer nees kann dohinner akafe goen.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Käerjeng, Péiteng an Diddeleng. Dem CGDIS no gouf et beim Tëschefall ee Blesséierten.

PDF: Schreiwes Cactus (1)

Back to Top
CIM LOGO