E Mëttwoch deposéiert a presentéiert de Finanzminister Gilles Roth de Budgetsprojet fir d’nächst Joer an der Chamber.
Gëtt de Staat d’Sue richteg aus? Wat sinn d’Erwaardungen un de Budget 2027? Dat froe mer de Sylvain Hoffmann, den Direkter vun der Chambre des salariés.
D’CSL fuerdert och méi Steiergerechtegkeet a kritiséiert an deem Sënn d’Steierreform. Och dat beschwätze mer mam Sylvain Hoffmann live um 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.