Maison Du Grand-DucSystem vum finanzielle Fonctionnement gëtt a Gesetzestext verankert

RTL Lëtzebuerg
Esou gesäit et déi nei Verfassung vir. Un deem legislativen Text gëtt aktuell geschafft.
© René Scho

An der zoustänneger Institutioune-Chamberkommissioun gouf dee Gesetzesprojet e Mëttwoch diskutéiert.

Deemno ginn an Zukunft souwuel d’Liste civile, wéi och d’Representatiouns-Fraisen duerch transparent Dotatiounen ersat, vun deenen de Grand-Duc, den Ierfgroussherzog, de fréiere Staatschef an de Lieutnant-Représentant profitéieren.

D’Montante vun dëse forfaitairen Indemnitéite ginn an Index-Punkte gerechent.

Deen neien Text soll parallel zu der neier Verfassung vum 1. Juli un a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO