Zweeten ITM-Signalement géint Internetris AmazonSystematesch Iwwerstonnen a keng Zäit fir Recuperatioun

Michèle Sinner
Weidere Signalement bei der Inspection du Travail et des mines (ITM) géint Amazon. Dës Kéier geet et ëm d’Iwwerstonnen.
© RTL

Iwwerstonne bei Amazon: Reportage vum Michèle Sinner

Et ass deen zweete Signalement, nodeems am August schonn een un d’ITM gaange war, well verschidde Mataarbechter wéinst dem Prime Day Nationalfeierdag hu misse schaffen, mee kee Feierdagssupplement bezuelt kruten.

D’Virwërf géint den amerikaneschen Internetris si villfälteg, mee ginn an all déi nämmlecht Richtung: nämlech datt en um Kierchbierg eng Enklav vum Aarbechtsrecht ageriicht huet, wou de Lëtzebuerger Code du travail net gëllt.

Aus dem Signalement geet ervir, datt Amazon vun de Mataarbechter erwaart, datt si - nieft hiren normale 40 Stonnen d’Woch vu moies 8:30 bis owes 17:30 Auer - “such reasonable hours as are necessary” schaffen. An datt déi reell Aarbechtszäit vun der Wichtegkeet, der Komplexitéit an der Urgence vun den Amazon-Aktivitéiten ofhänkt - e Gummiparagraph. Dat ouni, datt et, wéi gesetzlech virgesinn, e Mechanismus géing ginn, fir d’Aarbechtszäiten ze regléieren. Et géif keng Referenzperioden, kee Plan d’Organisation du Travail, keen Horaire mobile... am Resumé: Et gëtt kee System, fir d’Aarbechtszäit ze dokumentéieren an ze regléieren.

Dobäi schreift den Auteur vum Signalement, datt d’Mataarbechter reegelméisseg an Online-Reunioune mat de Kolleegen an den USA sinn. Reuniounen, déi wéinst der Zäitverschibung an de Lëtzebuerger Feierowend falen.

“Ces interactions imposent structurellement des réunions tard en soirée pour s’aligner sur leurs fuseaux horaires, rendant toute déconnexion à 17 h 30 incompatible avec les exigences opérationnelles.

Deuxièmement, lors des grands événements commerciaux d’Amazon — Prime Day, Spring Deals, Prime Big Deal Days, Black Friday — les salariés sont systématiquement amenés à travailler jusqu’à tard dans la nuit et à reprendre tôt le lendemain matin. Ces périodes de pic sont prévisibles et récurrentes — elles ne constituent pas des situations exceptionnelles mais un élément structurel du calendrier annuel d’Amazon.”

Et géif dofir keng Kompensatiounen, heescht et weider am Signalement.

“Ce système a des conséquences humaines réelles et durables. Des journées qui s’étendent régulièrement au-delà de 20h00 ou 21h00, des nuits écourtées avant une reprise matinale, des week-ends consacrés à rattraper le retard accumulé — tout cela ne laisse que peu de place à une vie de famille normale, à la récupération physique ou au maintien d’un équilibre personnel élémentaire.”

Et wier dowéinst dacks net méiglech d’gesetzlech Rouzäiten anzehalen, respektiv d’Recht op Deconnexioun.

“L’auteur a été témoin, au sein de son entourage professionnel, de situations d’épuisement et de difficultés personnelles que ces conditions de travail ont contribué à générer. Ce n’est pas une situation tenable sur le long terme. Chaque personne, quelle que soit son ambition professionnelle, a droit à un temps de travail qui lui permet de vivre — et pas seulement de travailler.”

Schaffe bei Amazon lauter Cheffen?

Den Auteur vum Signalement huet fir sech selwer konservativ ausgerechent, wéi vill Iwwerstonnen hien oder si an den 38 Woche bis Mëtt September gedrummt hat: 177 Stonnen, also véier an eng hallef Wochen, méi ewéi virgesinn.

D’Majoratioun dofir, datt den Auteur wéinst dem Prime Day op Groussherzogsgebuertsdag geschafft huet, ass bis ewell och nach net op de Kont komm.

An deem Kontext war d’Fro opkomm, ob d’Leit, déi deen Dag geschafft hunn, zu de Cadres supérieurs géinge gehéieren an domat keng Majoratioun ze gutt hätten. Den Auteur vum Signalement berechent, datt nom Amazon-internen System iwwert d’Hallschent vun de Mataarbechter als “Cadres supérieurs” agstuuft wieren: 54 Prozent – ouni, datt dee System awer net de gesetzlechen Ufuerderunge fir esou eng Astufung géing entspriechen.

Amazon ass de Froe vun RTL doriwwer, wéi vill Leit op Groussherzogsgebuertsdag geschafft hunn, ob se d’Majoratioun vun 300 Prozent kruten, ob se e System hätten, fir d’Iwwerstonnen anzedroen an ze kompenséieren, ob se een hätten, fir d’Cadres supérieurs ze designéieren, sou wéi am Gesetz virgesinn an esou weider, ausgewach.

Amplaz koum eng generell Äntwert, wéi gutt si wären.

“Amazon is committed to creating a positive workplace and a culture of builders and innovators, where employees can develop their skills and advance their careers. Our employees can work from multiple locations, and move freely between focused work, collaboration, and breaks. In 2026, for the third consecutive year, Amazon has been recognised as a Top Employer in Luxembourg, certified by the Top Employer Institute, a global authority in HR certification. Among all Top Employers in Luxembourg, Amazon ranked first in 2025 and 2026.”

D’Mataarbechter, déi sech fräiwëlleg gemellt hätten, fir den 23. Juni ze schaffen, hätten eng Kompensatioun kritt, déi am Aklang mam Gesetz wier, sou Amazon. Dat muss een da gleewen – oder d’ITM kéint et kontrolléiere goen.

Back to Top
CIM LOGO