Invité vun der Redaktioun (3. Juli)Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP

François Aulner
E Freideg de Moie sinn ënnert anerem dem Premier seng Äntwerten am RTL-Summer-Interview Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Et muss méi gebaut ginn" an "et geet ni duer", esou de Premier Luc Frieden gëschter am RTL-Summer-Interview. Hien huet awer op all d’Mesuren higewisen, déi d’CSV-DP-Regierung an d’Weeër geleet huet ,fir datt méi a méi séier gebaut gëtt.

De Moie froe mir d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding, wat si aus den Deklaratioune vum Premier zeréckbehält a wat si him nach mat op de Wee géing ginn.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO