
Nodeems de Staatsrot d’Reform vun der Grondsteier an déi nei Mobiliséierungstax am Juni an der Loft zerrappt hat, sinn och de sougenannte Baulandvertrag an de Remembrement Ministériel bei der héijer Kierperschaft Enn Juli net duerchkomm. Graff resuméiert sollten dës Mesuren erlaben, méi Logement ze bauen. Op Terrainen, déi als bebaubar ëmklasséiert ginn, solle bannent enger bestëmmter Zäit Wunnengen entstoen. Geschitt dat net, sollen d’Besëtzer vun den entspriechenden Terrainen oder Parzelle sanktionéiert ginn. Den Terrain géif an eng Gréngzon ëmklasséiert ginn a kéint 6 Joer laang net bebaut ginn.
No engem éischten negativen Avis hunn den Inneministère an d’zoustänneg Chamberkommissioun Amendementer ausgeschafft. Ënner anerem gouf de Begrëff vum Baulandvertrag duerch “servitudes visant à déterminer des crénaux temporaires de viabilisation de fonds et de construction de logements” ersat.
Ma och no den Amendementer fënnt de Staatsrot de Projet a sengem Avis complémentaire“onadaptéiert an disproportionéiert”, well en net iwwerzeegt ass, datt duerch dëse méi gebaut gëtt. E réit ebe grad d’Expropriatioun als ultimative Sanktioun bäizebehalen amplaz déi, déi am Gesetzprojet elo virgesi sinn.
D’Taina Bofferding huet d’Juristen am Inneministère beoptraagt, den neien Avis vum Staatsrot z’analyséieren, heescht et op Nofro hin aus der Beaumontsgaass. Zesumme mat der zoustänneger Chamberkommissioun géingen eventuell Ännerungen ausgeschafft ginn. Dat geschitt awer réischt no der Chamberwal vum 8. Oktober. Onofhängeg vum Resultat kann een dovunner ausgoen, datt déi nächst Chamber um Projet wäert weiderschaffen. D’LSAP probéiert zanter 2017 d’Iddi a Musek ëmzesetzen. Eng Iddi, déi u sech op de Walprogramm vun der DP aus dem Joer 2013 zeréckgeet.
Am CSV-Walprogramm fir 2023 steet zwar explizitt näischt iwwert de Baulandvertrag. Mä hire Fraktiounschef Gilles Roth seet am RTL-Interview, datt och seng Partei um Kär vun der Iddi festhält. Ëmmerhin kréich de Proprietär “e grousse Mehrwert” wann d’Allgemengheet den Terrain als bebaubar ëmklasséiert. Par konter freet hien, firwat een als Sanktioun net einfach op de Wee vu Geldstrofe geet, wann net bannent engem gewëssenen Zäitraum en Terrain bebaut gëtt. De Gilles Roth sot, zu Mamer, wou hie Buergermeeschter ass, géing een dat schonn esou maachen: “Wa bis eng Kéier am Gemengerot d’Konditioune vun der Stee festgeluecht sinn, da muss de Promoteur bannent zwee Joer zwee Drëttel vun de Wunnengen entaméiert hunn.” Géing dat net geschéien, da géing et eng Taxe vun 20.000 Euro d’Joer ginn.
Dem Gilles Roth no kéint ee jiddwerfalls den Avis vum Staatsrot net ignoréieren. Och de Gemengesyndikat Syvicol, deen zwar d’Grondiddi vum Baulandvertrag ënnerstëtzt, huet Bedenken iwwert de Gesetzprojet vum Inneministère ausgedréckt.