Reform vun der AarbechtszäitUEL fuerdert weideren Dialog no Aussoo vum Marc Spautz

RTL Lëtzebuerg
Am Comité permanent du travail et de l'emploi (CPTE) gëtt den Ament iwwert verschidde Méiglechkeete verhandelt, fir d'Aarbechtszäit méi flexibel ze gestalten. Dobäi geet et ënner anere ëm eng Véier-Deeg-Woch mat zéng Aarbechtsstonne pro Daag a méi Méiglechkeete fir Pausen.
© Shutterstock

D'Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL) fuerdert d'Regierung op, d'Diskussiounen iwwer d'Reform vun der Aarbechtszäit weiderzeféieren. D'Patronatsorganisatioun betount, datt déi geplangte Mesuren net nëmme fir grouss Betriber, mee och fir kleng a mëttelgrouss Entreprisë muss ëmsetzbar sinn.

Dëst kënnt als Reaktioun op d'Ausso vum Aarbechtsminister Marc Spautz, datt d'Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten am Kader vu Kollektivverträg muss verhandelt ginn.

Der UEL no géif esou eng Konditioun virun allem kleng Entreprisë benodeelegen. Zuele vum STATEC géife weisen, datt kleng Betriber däitlech manner dacks duerch Kollektivverträg ofgedeckt sinn.

D'Organisatioun invitéiert de Marc Spautz, direkt mat klenge Betriber an den Austausch ze trieden, fir hir praktesch Schwieregkeete beim Ofschloss vu Kollektivverträg besser ze verstoen.

Am Virfeld vum Regierungsrot vun e Mëttwoch fuerdert d'UEL, datt d'Diskussiounen am CPTE weidergefouert ginn. Déi nächst Reunioun am Beschäftegungscomité ass e Freideg.

D'Schreiwes vun der UEL fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO