No versichtem Iwwerfall an der StadTäter goufen ermëttelt a festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg hat d'Police en Zeienopruff lancéiert wéinst engem versichten Iwwerfall an der Rue du Fort Wallis.
© Police

E puer Täter hate probéiert, engem Mann seng Auer ze klauen, wat hinnen awer net gelongen ass, obwuel si hie vun hannen attackéiert a geschloen hunn. D'Affer gouf um Fouss an um Handgelenk blesséiert, d'Auer kruten d'Täter awer net.

E Méindeg koum dunn d'Nouvelle vun der Police, dass déi zwee Täter ermëttelt a gestallt goufen. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl an hate Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO