
Dat, fir voll a ganz vum Potential vun den neien Technologië kënnen ze profitéieren.
D’entspriechend Campagne huet den ILR lo lancéiert a concernéiert 5% vun der globaler Couverture am Land, wou et eenzeg an eleng eng Koffer-Infrastruktur nach gëtt.
D’Zil ass et, fir all Stot am Land den Accès zu enger séierer Internet-Connectioun z’erméiglechen an natierlech fir de Kabel-Reseau ze moderniséieren, woubäi d’Maintenance vu Koffer-Kabelen ëm bis zu 60% méi deier ass, wéi dee vun engem Fiber-Reseau.
Bis 2030 sollen et da keng Koffer-Leitunge méi am Land ginn. Leit, déi nach u sou enger Verbindung hänken, kréie sechs Méint virun der Deconnectioun e Bréif vun hirem Operateur, wou si iwwer déi genee Delaien informéiert ginn.
All entspriechend Datumer publizéiert den ILR och op sengem Site myILR.lu.