Wat ass bliwwen, wat ass fort?Temoignagen ee Mount nom Tornado

RTL Lëtzebuerg
De Summer 2019 bleift eis an Erënnerung als e waarme Summer, ouni vill Reen, ma awer mat engem Naturphenomen, wat ee soss éischter aus Filmer kennt.
Temoignagen ee Mount nom Tornado
De Summer 2019 bleift eis an Erënnerung als e waarme Summer, ouni vill Reen, ma awer mat engem Naturphenomen, wat ee soss éischter aus Filmer kennt.

Den 9. August goufen d’Gemenge Péiteng a Käerjeng vun engem Tornado verwüst. E Mount méi spéit ware mir zeréck op d’Plaz an hu mat de Leit geschwat. Wat ass bliwwen, a wat ass fort? Eng RTL-Ekipp war bei 2 Famillen zu Péiteng an huet nogefrot, wéi et hinnen haut geet.

Bei béiden Haiser ass den Daach fortgeflunn. Och ee Mount duerno ass dëse just provisoresch mat Planen ofgedeckt. D’Assurancen an d'Daachdeckerbetriber ware scho sur place. Mee elo heescht et ofwaarden. A béide Fäll ass et ongewëss, wéini dass d‘Schied reparéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO