
Wéi notzen d’Parteien dës Tendenz an a wéi eng Richtung kéint et weidergoen? Dat hu mir de Politikwëssenschaftler Dr. Uwe Jun vun der Uni Tréier gefrot.
An Däitschland wier et esou, dass eng gewëssen Iwwerfuerderung an der Gesellschaft entstanen ass. D’Leit géinge sech dofir ëmmer méi fir Aschränkungen an der Migratiounspolitik ausschwätzen. An dat gëtt vun de Parteien opgegraff. Esou eng Tendenz kéint een allgemeng an Europa observéieren, seet den Dr. Uwe Jun am RTL-Interview. Och zu Lëtzebuerg si mat enger Koalitioun tëscht CSV an DP méi restriktiv Léisungen op d’Fro vun der Opnam vu Refugiéeën ze erwaarden, mengt de Politikwëssenschaftler: “Die Partnerpartei der Christsozialen in Luxemburg, die CDU, tritt ja auch deutlich dafür ein. Und auch die FDP übrigens, die Partnerpartei der Liberalen in Luxemburg, setzt sich innerhalb der Bundesregierung auch für restriktivere Lösungen ein.”
Genee dës politesch Richtung suergt bei den Associatiounen um Terrain awer fir vill Suergen. Et wier schonn net vill Ënnerstëtzung vun der Regierung do gewiescht, esou d’Marianne Donven, Grënnerin vun der Associatioun “Oppent Haus”. Zum Beispill wa Privatleit Refugiéeë bei sech heem ophuelen. Dee méi rauen Toun aus de leschte Woche géing och Refugiéen, déi scho méi laang hei am Land sinn an hir Pabeieren an der Rei hunn, veronsécheren. Dat huet d’Marianne Donven och bei de Refugiéeë gemierkt, déi an hire Restauranten ugestallt sinn a si gefrot hunn, ob si elo hir Autorisatioun kéinten ewech geholl kréien. Den Drock op d’Associatioune riskéiert elo och méi grouss ze ginn, mengt d’Marianne Donven. Leit, déi net méi an engem Foyer kënnen ënnerkommen, bréichten Hëllef an dat fält op d’ONG’en zeréck. D’Prise en Charge muss egal wéi gemaach ginn, esou d’Marianne Donven, dat géing elo op d’Organisatioune verlagert ginn. D’Acceptanz an der Gesellschaft wier hirer Meenung no méi grouss, wann d’Refugiéeë sech direkt méi kéinten engagéieren. Duerch d’Aarbecht oder enger Formatioun wiere si méi agebonnen, kéinte méi séier d’Sprooch léieren a sech an der Gesellschaft integréieren. Dat wier vill ze laang verpasst ginn, bedauert d’Grënnerin vun der Associatioun “Oppent Haus”. Mat esou enger Approche hätt een déi aktuell Lag kënne verhënneren, mengt si. An déi nei Regierung kéint de Personalmanktem a verschidde Beräicher an de Grëff kréien an och doduerch fir méi Akzeptanz suergen.
Geschitt dat net an d’Wieler kréien d’Gefill, dass sech näischt verbessert, kéinten d’Parteien ofgestrooft ginn, warnt de Politolog Dr. Uwe Jun. Dat hätt ee schonn dacks an anere Länner kënne gesinn. Wat déi aktuell Tendenze fir déi nächst Wale kéinte bedeiten, kéint een als Walfuerscher awer nach net soen, well en Zäitraum vu 5 Joer net an de Grëff ze kréie wier, esou den Dr. Jun. D’Wieler géinge vill méi no aktuellen a perséinlechen Erfarungen an Themen decidéieren. Fillt de Wieler sech awer vu Regierungsparteien net representéiert oder fënnt, dass seng Meenung a Wäerter net méi gehéiert ginn, da wier dat sécherlech e Grond, fir bei nächste Walen d’Kräiz bei anere Parteien ze maachen.
Vun engem Rietsruck kéint een awer am Allgemengen net schwätzen, betount de Politolog. Dat wier nämlech vun Thema zu Thema ofhängeg. Wat d’Migratioun ugeet, wier d’Gesellschaft tendenziell scho méi laang fir restriktiv Léisunge gewiescht, wat sech dem Dr. Uwe Jun no elo notamment an Däitschland nach emol méi verschäerft hätt. Dass d’Parteien déi Tendenzen notzen, kéint een aktuell an eisem Nopeschland dorunner gesinn, dass och Regierungsparteie wéi d’SPD oder Die Grünen sech antëscht wéineg opposéieren. Oder souguer, wéi den SPD-Bundeskanzler Olaf Scholz, sech oppe fir méi restriktiv Mesure wéi Expulsiounen ausschwätzt.
Den Ament géing d’Tendenz deemno europawäit däitlech a Richtung méi restriktiv Migratiounspolitik weisen. Vill méi wichteg wier awer am Klengen, dass d’Gesellschaft eng Verbesserung bemierkt. An déi, esou d’Marianne Donven vun “Oppent Haus”, kéint och duerch eng besser Integratioun erreecht ginn.