
Wann een d’Secouriste vum CGDIS brauch, dann zielt dacks all Minutt. Am Kader vum europäeschen Dag vum 112 ass et schonn déi zweete Kéier, datt de “Corps Grand-Ducal Incendie & Secours” un der Aktioun “Twittergewitter” deelhëlt. Dobäi gi si iwwert de soziale Reseau Twitter an Echtzäit een Abléck hannert d’Kulisse vun deene sëllegen Asätz, op déi si deen Dag geruff ginn. D’Zil dobäi ass et, de Public op d’Aarbecht vun de Secouristen ze sensibiliséieren, esou de CGDIS. All Uruff op den 112 zu Lëtzebuerg lant beim Centre des Secours d’urgences vum CGDIS, dee viru Kuerzem an der Haaptstad an een neit Gebai geplënnert ass. Den Zenter ass 24 Stonnen den Dag vun engen 42 Mataarbechter besat.
Tëscht 7 an 12 Auer koumen e Freideg 179 Appeller beim CGDIS eran. 13 Mol hunn d’Leit wéinst engem Renseignement ugeruff, 51 Mol gouf sech verwielt, respektiv falsch ugeruff. Bis d’Mëttesstonn koum et zu 56 Asätz.
Am Joer 2021 sinn 229.303 Appellen beim 112 eragaangen - ronn een all zwou Minutten. Net bei allen Appellen handelt et sech awer ëm e wierklechen Noutfall, also datt entweder e Mënsch oder Déier a Gefor ass. Genau gesot géing et sech bei 4/5 vun de Fäll net ëm e reellen Noutfall handelen, seet de Christopher Schuh, Responsabel beim CGDIS fir d’Koordinatioun vum Uruff bis bei d’Ofwécklung vum Asaz. An Zuelen heescht dat, datt bei am Schnëtt 628 Uriff pro Dag an 184 Fäll et zu engem reellen Asaz kënnt. D’Secouriste sinn am leschte Joer op 67.005 Asätz gefuer. An der Moyenne waren et der 184 den Dag, eng Interventioun all siwe Minutten.
Fir d’Leit ze sensibiliséieren, wéini et sech tatsächlech ëm en Noutfall handelt, gouf 2009 um 2. Februar europawäit den Dag vum 112 agefouert. Keen Noutfall ass zum Beispill, wann ee wëll wëssen, wéi eng Apdikt oder Klinik Déngscht huet oder ee Renseignementer brauch. “Esou Renseignementer fënnt een op 112.lu, an der Press oder kritt een iwwert den Infotelefon 9007-1234", ënnersträicht de Christopher Schuh.
Bei iwwer 80 Prozent vun den Asätz sinn eng Ambulanz an e Samu dobäi, well Leit sech blesséiert hunn oder soss gesondheetlech Problemer hunn. 20 Prozent sinn da Verkéiersaccidenter, Bränn, technesch Asätz, Intoxikatiounen oder Pollutiounen. Woubäi bei Verkéiersaccidenter ouni Blesséierter, bei deene Leit net weider wëssen, sech sollen un den 113 riichten.
Eng grouss Erausfuerderung fir den 112 d’lescht Joer waren dann d’Iwwerschwemmungen am Summer. Bei sou Naturkatastrophe kënne scho mol 400 bis 500 Uriff pro Stonn erakommen, betount de Christopher Schuh. Wichteg ass dann den Tri ze maachen, fir ze kucken, wat reell Noutfäll sinn, a bei wat d’Pompjeeën deen Ament direkt näischt kënne maachen. Am Fall vun Naturkatastrophe ka séier reagéiert ginn. Vu 7 Operateuren op enger Schicht kann een op 30 Mataarbechter eropschrauwen. Op ugekënnegt Onwieder bereet ee sech awer och vir, anstatt just ze reagéieren. D’Moyenne, wéi laang ee bei engem Noutfall an der Leitung muss waarden, si 7 Sekonnen, wat mol net 2 Mol Schellen ass. Kuerz Waardezäite si wichteg, well och, wann zum Beispill bei Katastrophe wéi dem Tornado zu Péiteng extrem vill Uriff erakommen, muss bei aneren Noutfäll am Land nach kënne séier genuch reagéiert ginn.