Zeienopruff no déidlechem AccidentTëschefall an engem Taxi wërft Froen op

RTL Lëtzebuerg
Op der A6 tëscht Mamer/Capellen a Briddel/Stroossen koum et e Sonndeg de Moien um 1 Auer zu engem déidleche Verkéiersaccident mat engem Foussgänger.
© RTL

De Foussgänger war u sengen uerge Blessuren nom Zesummestouss gestuerwen.

D'Affer vum Accident war am Virfeld als Client vun engem Taxi ënnerwee, et goung iwwer d'A13 aus Richtung Däitschland, iwwert d'A4 iwwer Féiz op d'Zéissenger Kräiz op d'A6.

Wärend dem Fuere soll et op der A13, op der Héicht vun Uespelt an um Zéissenger Kräiz zu Tëschefäll komm sinn, bei deenen den Taxi op der Säit vun der Strooss huet misse stoebleiwen.

Zeien, déi dozou eventuell Informatiounen hunn, solle sech sou séier et geet bei der Police vu Capelle mellen. Telefon um 244301000 oder um 113.

Déidlechen Accident op der A6: Automobilistin kritt Foussgänger ze paken, 34 Joer ale Mann huet net iwwerlieft

Back to Top
CIM LOGO