Mat InterActions, der Croix-Rouge an der Caritas sinn 3 Partner dorunner bedeelegt. Chapeautéiert vum Familljeministère. Wärend d'Rout Kräiz de Dagesfoyer geréiert, ass d'Caritas fir den Nuetsfoyer responsabel. Dësen ass tëscht owes a moies 9 Auer op.
D'Wanteraktioun um Findel huet 2019 eng Woch éischter ugefaangen ewéi gewinnt. Schonn Enn November goung et lass. D'Ursaach war d'Keelt zu deem Ament.
An der Moyenne kommen tëscht 100 an 120 Mënschen nuets an de Foyer um Findel schlofen. Den aktuelle Pic läit Enn Dezember bei ronn 120 Persounen.
Fir de Wanter 19/20 geet den Neibau, net wäit ewech vum aktuellen, fir Leit an Nout op. Eventuell kéint dësen ganzt Joer iwwer op sinn.