
Den Auto huet sech direkt e puer mol iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen. De Chauffer gouf blesséiert a koum mat der Ambulanz vun Ettelbréck an d'Spidol. D'Asazzentere vu Béiwen a vun Ettelbréck waren op der Plaz.
E Freideg am Nomëtteg ass et op de Stroossen am Grand-Duché nach zu dräi weideren Accidenter komm. Wéi de CGDIS schreift gouf et um 15.19 Auer an der Rue de Strassen zu Märel een Accident mat engem Blesséierten. Zu Déifferdeng war um 15.50 Auer ee Cycliste ugestouss ginn. Och gouf eng Persoun blesséiert. Ëm déi nämmlecht Auerzäit gouf et och nach een Accident mat 3 Blesséierten op der Helfenterbréck.